NGC 6240
irregulär Galaxie am Stärebild Ophiuchus From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den NGC 6240 ass eng irregulär Galaxie am Stärebild Ophiuchus, ongeféier 400 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Aussergewéinlech un där Galaxie ass, datt et an hirem Kär zwéi aktiv Schwaarz Lächer gëtt, déi duerch d'Kollisioun vun zwou klenge Galaxien am neie Galaxiëkär entstane sinn.
Déi béid Schwaarz Lächer strale vill Röntgenstralung of a kreesen am Ofstand vun 3.000 Liichtjoer ëmeneen, bis si an en ettlech honnert Millioune Joer matenee verschmëlzen.
Well d'Kollisioun vun de béide Galaxien eréischt ronn 30 Millioune Joer hir ass, weist sech den NGC 6240 als typesch Starburstgalaxie. Wéinst der relativer Duerchléissegkeet vum Stëbs an der Galaxie, fir d'Infraroutliicht vun de jonke Stären ass den NGC 6240 eng ultraliichtkräfteg Infraroutgalaxie (ULIRG), déi gutt mat dem Infrarout-Teleskop Spitzer Infraroutteleskop observéiert ka ginn[1].
- Zentrum vun der Galaxie NGC 6240 am visuelle Liicht, iwwerlagert mat Röntgebiller vum Teleskop Chandra
- Foto vun der ganzer Galaxie NGC 6240 aus Donéeë vum Spitzer- an Hubble-Weltraumteleskop.
Remove ads
Entdeckung
D'Galaxie NGC 6240 gouf den 12. Juli 1871 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: NGC 6240 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Chandra
- Bericht des Max-Planck-Instituts (PDF-Datei; 318 kB)
- Dissertation Uni Hamburg
- SEDS
Referenzen
- Archive copy Archivéiert de 04.03.2012. Gekuckt de 04.01.2013.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
