Nationalstrooss 5B

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Nationalstrooss 5B oder N5B ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.

Séier Fakten Péiteng - belsch Grenz (Attem), Land ...
Laf an Uschlëss
Péiteng N 5
N 5C
Kuer
N 31
CR 111
N 5D
Attem N 88

Se geet zu Péiteng vun der N5 vun der Kräizung Route de Luxembourg - Rue de l'Église aus an nordwestlecher Richtung fort, duerch d'Rue de l'Église, iwwer d'Kuer an d'N31, an dann no lénks duerch d'Rue d'Athus wou se am Flouer Schmëdd op d'N5D stéisst. Vu do aus leeft se viru bis op d'Grenz mat der Belsch. Hei geet se an déi belsch N88 iwwer.

Dat Stéck duerch d'Rue de l'Église ass nëmmen am Sens unique ze befueren. An der anerer Richtung muss een duerch N5C fueren.

D'N5B huet eng Kräizung mam CR111 (Rue de Linger).

Se ass zirka 2,7 km laang.

Remove ads

Entwécklung vun der N5B

Nodeems an den 1950er Joren déi haiteg N5 südëstlech laanscht Schuller gebaut gi war, hat d'Strooss déi duerch d'Duerf gelaf ass d'Nummer N5B, bis se 1958 deklasséiert gouf[1].

Um Spaweck

 Commons: Nationalstrooss 5B – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads