Ni Xia Lian
chinesesch-lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Ni Xia Lian, op Chineesesch 倪 夏蓮 / 倪 夏莲 Ní Xiàlián, gebuer de 4. Juli 1963 zu Shanghai, ass eng professionell chineesesch-lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin. Si spillt zanter 1991 fir Lëtzebuerg a krut d'Lëtzebuerger Nationalitéit am Joer 2000[1].
D'Ni Xian Lian ass zweefach Weltmeeschterin fir China (1983 Ekipp an Dubbel Mixte) an dräifach Europameeschterin fir Lëtzebuerg (zweemol Eenzel, eemol Mixte). Si huet sechsmol un Olympesche Spiller deelgeholl an am Laf vun hirer laanger Karriär eng sëllegen national wéi international Titele fir China grad wéi och fir Lëtzebuerg gewonnen.
2021 gouf si mat 58 Joer am Eenzel déi bis deemools eelst olympesch Dëschtennisspillerin an huet mat der Sarah De Nutte Bronz am Dubbel op der Weltmeeschterschaft gewonnen.
D'Ni Xia Lian ass Lénkshännerin a spillt wéi déi meescht Asiate Penholder. Si ass séier, spillt no um Dësch an huet eng staark Virhand.
D'Ni Xia Lian wunnt zu Ettelbréck an huet zwee Kanner.
Remove ads
Karriär
D'Ni Xian Lian spillt zanter 1973 kompetitiv Dëschtennis. Hire gréissten internationale Succès hat d'Ni 1983 mat China. Bei den Dëschtennisweltmeeschterschaften zu Tokio huet si direkt zwee gëlle Gielercher däerfe mat heem huelen, eent am Double Mixte (zesumme mam Guo Yuehua an eent mat der Dammenekipp. Zwee Joer drop gouf déi jonk Chinesin zesumme mam Cao Yanhua Vizeweltmeeschterin bei der WM 1985 zu Göteborg. 1985 war awer och d'Joer wou intern Problemer an der chineesescher Nationalekipp dem d'Ni sou d'Flemm agedriwwen hunn, datt si schonn decidéiert hat ganz mam Dëschtennis opzehalen. Si sollt ni méi fir China spillen. D'Ni ass dunn zeréck op Shanghai bei hir Eltere gaangen an huet ugefaange mat studéieren. Sou ganz ass si awer ni vum Ping-Pong lass komm, a wéi sech 1988 d'Méiglechkeet gebueden huet fir an Europa ze goen, huet d'Asiatin net laang gezéckt. No engem éischte Joer an Däitschland wou si an der 2. Bundesliga bei Bayer Uerdingen gespillt huet, ass si 1990 zesumme mat hirem Mann, dem Tommy Danielsson op Ettelbréck geplënnert, huet eng Lizenz bei der lëtzebuergescher Dëschtennisfederatioun (FLTT) gemaach an ass zanter 1991 och international fir de Grand-Duché ugetrueden.
D'Ni huet duerno hir Karriär an Europa virugefouert. Vun 1992 bis 1995 huet si zu Lëtzebuerg de Critérium national gewonnen.
Tëscht 1996 an 1998 war d'Spillerin dräimol hannereneen Nummer eent bei den Europe Top-12. 1998 war d'Ni Nummer 4 an der Weltranglëscht.
2001 koum si op eng zweet Plaz. Si war op fënnef Europameeschterschaften an huet 1998 an 2002 Gold am Eenzel, an 2002 am Double Mixte gewonnen.
No 2002 huet d'Ni Xian Lian fënnef Joer net méi fir d'FLTT gespillt. 2007 koum hire Comeback op den Europameeschterschaften zu Belgrad: am Alter vu bal 44 Joer krut d'Ni Sëlwer am Eenzel.
D'Ni Xia Lian huet, bis 2024 nach mat, sechsmol un Olympesche Spiller deelgeholl: d'Spiller 2000 zu Sydney, 2008 an hirem am alen Heemechtsland zu Beijing, 2012 zu London, 2016 zu Rio, 2021 zu Tokio an 2024 zu Paräis.
Remove ads
Palmarès
Remove ads
Veräiner
- Bayer Uerdingen 05 (1989/90) - 2. däitsch Bundesliga
- Haka Treffers (Holland, bis 1997)
- VfB Lübeck (zanter 1997)
- Henk ten Hoor (Holland)
- Klavier Lelie (Holland)
- TV Fürst Heerlen (Holland)
- MF Services Heerlen (Holland, aktuell)
Auszeechnungen
- Sportlerin vum Joer am Joer 2001 an 2022 (zesumme mat der Sarah De Nutte)
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2022)[2]
Literatur
- Gaston Zangerlé: Ni Xialian, le don du ciel. 2022.
Um Spaweck
![]() |
Commons: Ni Xia Lian – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Nancy Kemp-Arendt Christine Majerus |
2001 2022 |
Tessy Scholtes Patrizia van der Weken |
Referenzen
- Gricius, Pierre. Lëtzebuerger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 76-77. ISBN 978-2-9599734-5-1
- (de) Die „Lëtzebuerger Success Story“ im Lichte der jüngsten Krisen. Lëtzebuerger Wort - Deutsche Ausgabe (23.06.2022). Gekuckt den 23.06.2022.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads