Norbert Jacques
lëtzebuergesche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Norbert Jacques, gebuer de 6. Juni 1880 zu Eech, a gestuerwen de 15. Mee 1954 zu Koblenz, war e Schrëftsteller, deem säi bekanntste Personnage den Doktor Mabuse ass. Seng Sujeten dréinen dacks ëm d'Verlaangeren no doheem an och no der wäiter Welt.
Remove ads
Liewen
De Jacques huet 1901 d'Première an der Stad gemaach an huet duerno zu Bonn ee Joer Droit studéiert.[1] Dunn ass hie mat senger Frëndin, enger Schauspillerin, op Beuthen wunne gaangen, wou en Zeitungsredakter gouf. 1904 ass hien op Überlingen, op de Bodensee, geplënnert, eng Géigend, wou en, vun 1909 bis 1920 och op der Schwäizer Säit, bis zu sengem Doud wunne bliwwen ass.
Dank engem Sponsor ass hien iwwer Madeira a Brasilie gereest, an huet dat a sengem éischte Roman Funchal (S. Fischer, 1909) verschafft. 1912 huet hie sech zu London mat der Grete Samuely, der Sekretärin vum Arthur Schnitzler, bestuet, mat där en annerhalleft Joer op Hochzäitsrees a Südost-Asien, Südamerika an an Australie gefuer ass, an doriwwer Reesreportagë geschriwwen huet.
Am Éischte Weltkrich huet hie pro-Däitsch Artikele geschriwwen, wat him zu Lëtzebuerg virgeworf gouf. 1920 huet hien déi däitsch Nationalitéit ugeholl.
1921 koum säi bekanntst Wierk, Dr. Mabuse: Der Spieler am Ullstein-Verlag eraus. Et gouf vum Fritz Lang verfilmt. Eng ganz Rëtsch weider Romaner koumen no.
Hien huet 1925 d'Kënschtlervereenegung Der Kreis matgegrënnt a war bis 1937 hire President. E puer Joer duerno huet hien d'Bodenseebuch erausginn.
An den 1930er Jore stoung hien ufanks bei den Nazien ënner schlechtem Liicht. 1940 huet hie sech vu senger jiddescher Fra scheede gelooss, hir awer erméiglecht, an d'USA z'emigréieren, a fir hir zwou gemeinsam Duechteren déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot. Ma hien huet och zu Lëtzebuerg Propaganda fir Däitschland gemaach, woufir en do nom Krich Persona non grata gouf. Hie gouf 1945 vun de Fransousen op Lëtzebuerg ausgeliwwert, wou en en 1946 puer Méint an Untersuchungshaft souz, dann awer ouni Prozess ausgewise gouf.
Hie goung hannescht op Lindau, wou en, nodeems en e Persilschein krut, nees fir Zeitunge wéi d'Welt oder Die Zeit geschriwwen huet.
Seng Autobiographie vun iwwer 1000 Säiten heescht Mit Lust gelebt.

Remove ads
Wierk (kleng Auswiel)
Literatur
- Goetzinger, Germaine, Gast Mannes & Frank Wilhelm: Tony Jungblut und Norbert Jacques in: Kontakte-Kontexte. Deutsch-luxemburgische Literaturbegegnungen, Mersch 1999, S. 139-160. ISBN 2-919903-01-2
- Hilgert, Romain Heimatdichtung als Nazionalliteratur, d'Lëtzebuerger Land, 13. Dezember 2002
- Thill, Robert Reine Blut- und Bodenliteratur? Replique op dem R. Hilgert säin Heimatdichtung als Nazionalliteratur, d'Lëtzebuerger Land, 21. Februar 2003
- Raus, Michel: Glanz und Elend eines Immoralisten: über Norbert Jacques in: Lëtzebuerger Journal: Politik, Finanzen a Gesellschaft. - Lëtzebuerg. - Jg. 57 (2004), Nr. 41 (8. Oktober), S. 14-15, ill.
- Zotz, Volker: Der unbequeme Norbert Jacques in: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur Lëtzebuerg, Nr. 242 (Dez. 2004), S. 45-47, ill.
- Norbert Jacques: Mit Lust gelebt. Roman meines Lebens, Kommentierte, illustrierte und wesentlich erweiterte Neuausgabe. Ed. Hermann Gätje, Germaine Goetzinger, Gast Mannes & Günter Scholdt, Röhrig Universitätsverlag, St. Ingbert 2004, 599 S. ISBN 3-86110-357-5
- Marc Jeck, „Tatort Bodensee“ am Luxemburger Wort vum 7. September 2021, S. 38
- Ebner, Martin, 2025. Heiße Leidenschaft am Strand. Enfant terrible, Weltreisender, Bodensee-Dichter: Norbert Jacques ist jetzt gemeinfrei. d'Lëtzebuerger Land vum 25. Abrëll 2025, S. 18-19.
Dokumentarfilmer
- Renata Grünenfelder: Im Schatten des Dr. Mabuse, Die Töchter von Norbert Jacques, 52 Min., halbbildhalbton.ch, 2009
Um Spaweck
![]() |
Commons: Norbert Jacques – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Flucht von der Toteninsel, Renée Wagener, woxx.lu, Nr 754, 16. Abrëll 2004
- Eng Bibliographie vum Jacques senge Wierker
- "Segnet mich, Reste meiner Heimat!" Iwwersiicht bei literturkritik.de
- "Littérature & politique Lamentable sujet." In: d'Lëtzebuerger Land, 47. Jg. Nº 9 (03.03.2000), p. 13 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
Remove ads
Referenzen
- Quell, wou net anescht uginn: Ebner, Martin, 2025. Heiße Leidenschaft am Strand, an der Literatur.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads