Norman Ernest Borlaug
amerikaneschen Agrarwëssenschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Norman Ernest Borlaug, gebuer de 25. Mäerz 1914 zu Cresco, Iowa, a gestuerwen den 12. September 2009 zu Dallas, Texas, war en US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler.
Hien huet un der Ziichtung vun ë. a. Weess, Räis a Mais geschafft, déi et erméiglecht hunn, Recoltë spektakulär z'erhéijen. Hie gëllt och als wiesentlechen Initiator vun der sougenannter Grénger Revolutioun an den Entwécklungslänner, déi Millioune Mënsche virum Erhéngere gerett huet.
De Borlaug huet fir säin Asaz a seng Aarbechte fir den Ertrag vun der Landwirtschaft ze verbesseren, 1970 de Friddensnobelpräis kritt, an 2007 fir säi Liewenswierk d'Gëllen Éieremedail vum Kongress, déi héchst Distinctioun vun den USA.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Norman Borlaug – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads