Elmen

neie Wunnquartier bei Ollem an der Gemeng Kielen From Wikipedia, the free encyclopedia

Elmen
Remove ads

Elmen ass en neie Wunnquartier bei Ollem an der Gemeng Kielen.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem neie Wunnquartier an der Gemeng Kielen: Elmen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Elmen (Homonymie).
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck An anere Sproochen, Land ...
Remove ads

Geographie

Dat „neit Duerf“ gëtt bis 2026/27 (Stand: Sept. 2020) op engem Terrain vu 27 Hektar, op de Flouere Siggelsreech, Am Grënnchen an Op der laanger Schanz vun der Gemeng Kielen zesumme mat der Société nationale des habitations à bon marché gebaut.[1][2]

Den neie Quartier vun Ollem läit nërdlech vum CR103, am südwestleche Wupp vun der Gemeng Kielen. E stéisst am Süden deelweis un d'Gemeng Mamer.

„Alternatiivt Wunnen“

Beim Projet Elmen handelt sech ëm Wunnraum fir eng 2.000 Leit, op 375 Haiser an 375 Appartementer verdeelt, bei deem vill Wäert op Nohaltegkeet geluecht gëtt. Sou hunn d'Haiser keng Garage, ma d'Autoe mussen, wann een dann een huet, an engem Parkhaus ofgestallt ginn. Et gëtt eng direkt Buslinn vun do an d'Stad Lëtzebuerg amenagéiert, an och e Carsharingsystem kéint agefouert ginn. Schoulen an Akafsgeleeënheeten am Quartier solle fir kuerz Weeër suergen.

An enger éischter Phas gi 400 Wunnenge gebaut an ufanks Februar 2023 war déi offiziell Iwwerreechung vun de Schlësselen un déi éischt Awunner vum neie Quartier (32 Stéit mat 95 Awunner)[3]. Den éischte Stee fir d'Grondschoul zu Elmen ass den 19. November 2021 geluecht ginn[4].

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Elmen: Neue Siedlung mit neuer Mobilität." wort.lu, 06.09.2020.
  2. (fr) ELMEN - Mon nouveau village | Séance d'information (Phase 2). www.kehlen.lu (31.03.2021) Archivéiert de 17.04.2023. Gekuckt de 14.02.2024.
  3. (lb) Offiziell Iwwerreechung vun de Schlësselen un déi éischt Awunner vum neie Quartier Elmen. www.kehlen.lu (03.02.2023) Archivéiert de 17.04.2023. Gekuckt de 14.02.2024.
  4. (fr) Construction d'un bâtiment scolaire à Olm au nouveau quartier « Elmen ». www.kehlen.lu (19.11.2021) Archivéiert de 17.04.2023. Gekuckt de 14.02.2024.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads