Perl

däitsch Uertschaft a Gemeng am Landkrees Merzig-Wadern From Wikipedia, the free encyclopedia

Perl
Remove ads

Perl (lb: Pärel, lokal och Pierel) ass eng däitsch Uertschaft a Gemeng bei der Musel am Landkrees Merzig-Wadern am Saarland. Bei de Lëtzebuerger ass Perl haaptsächlech bekannt duerch hir grouss verschiddenaarteg Akafszentren.

Séier Fakten Perl lb: Pärel, Aussprooch ...
Thumb
Bei der Kierch zu Perl

D'Gemeng huet iwwer 8.000 Awunner.

Remove ads

Geographie

Perl läit am Dräilännereck Däitschland-Frankräich-Lëtzebuerg riets vun der Uewermusel an zitt sech wäit op de Muselgau erop. Op der anerer Muselsäit läit Lëtzebuerg mat den Uertschaften Schengen a Réimech. D'Gemeng Perl gëtt am Westen (Gemarkunge Besch, Nenning a Perl) vun der Musel begrenzt, déi hei d'Grenz zu Lëtzebuerg formt. Well d'Musel hei op enger Längt vu ronn zéng Kilometer de saarlänneschen Deel vum däitsch-lëtzebuergeschem Hoheitsgebitt formt, dat net zu der Gemeng gehéiert, grenzt Perl strenggeholl un dëst Gebitt an doduerch net direkt un de lénksrhäinesch geleeëne lëtzebuergesche Kanton Réimech. Am Süde stéisst d'Gemeng un Frankräich (Loutrengen) mat den Uertschaften Apach, Belmach a Merschweiller, am Norden un Rheinland-Pfalz. Den ëstleche Noper ass d'Gemeng Mettlach. Den héchste Punkt vun der Gemeng ass deen un der franséischer Grenz geleeëne „Schneeberg“ zu Eft (429 m iwwer NN).

Remove ads

Gemengeglidderung

Thumb
Besch op der Musel

D'Gemeng Perl ass a 14 Uertschaften opgedeelt, déi zu 11 Gemengebezierker gehéieren. Awunnerzuele Stand 31. Dezember 2010:[1]

Thumb
Perl
Méi Informatiounen Uertschaft, Fläch ...

Oberleuken, Keßlingen a Münzingen souwéi Tettingen-Butzdorf a Wochern si jee e kollektive Gemengebezierk, déi iwwereg Gemengebezierker si mat den Uertschaften identesch.

Thumb
Perl an Ëmgéigend ëm 1730
Remove ads

Geschicht

Siidlungsspueren aus der Mëttelstengzäit fënnt een zu Perl an Ëmgéigend geneesou wéi Graffelder aus der Bronze- an Eisenzäit. Keltesch Uertsnimm an réimesch Bauwierker beleeën d'Attraktivitéit vun der Standplaz zu allen Zäiten. Déi réimesch Villa zu Nennig staamt aus dem 4. Joerhonnert a gouf wuel bei der Normanneschluecht 882 zerstéiert. Mëttelalterlech Buergen a Kierche si weider Zeie vun enger beweegter Vergaangenheet. Déi eelst schrëftlech Nennunge stamen aus dem 9. Joerhonnert. D'Gebitt hat zu Tréier, Lëtzebuerg, Loutrengen, Frankräich an zum Räich vun den Habsburger gehéiert. Nom Wiener Kongress gouf Perl preisesch, eréischt vun 1946 un gouf et saarlännesch. Am Zuch vun der Gebittsreform am Ufank vun den 1970er gouf, aus de 14 bis dohi selbstännege Gemengen, d'Groussgemeng Perl.

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Perl (Mosel) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads