Pilo Fonck

lëtzebuergesche Sportsreporter From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Pilo Fonck, gebuer als Paul René Alphonse Fonck den 22. Abrëll 1938 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sportsjournalist.[1]

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Tëscht 1959 an 1995 war de Pilo Fonck Sportreporter bei RTL, fir d'éischt um Radio a spéider och op der Tëlee. Zanterhier schreift hien ënner anerem fir den Télécran.

Remove ads

President vum Conseil supérieur des sports

Am September 2009 gouf de Pilo Fonck vum Sportsminister Romain Schneider zum President vum Conseil supérieur des sports ernannt.[2],[3] Hie gouf an deem Gremium den Nofollger vum Affi Scherer.[4]

Thumb
D'Buch vum Pilo Fonck

Vum deem Mandat ass hien awer schonn no manner wéi engem Joer duerno zeréckgetrueden, aus Protest dogéint datt de selwechte Minister hien an de Gab Deibener aus dem Verwaltungsrot vun der Coque erausgehäit hat. De Minister huet seng Decisioun mat dem virgeschréckten Alter vum Pilo Fonck an dem Gab Deibener begrënnt. Dat huet de Pilo Fonck awer net sou einfach gëlle gelooss a seng Meenung dem Minister an engem oppene Bréif matgedeelt.[5]

Säin Nofollger am Conseil supérieur des sports gouf dunn den Denis Scuto, dee bis dohi Vizepresident war.[6]

Remove ads

Publikatiounen

Literatur

  • Kevin Zender: Ein Leben voller Sport - Der ehemalige Radio- und TV-Journalist Pilo Fonck feiert morgen seinen 80. Geburtstag, am Luxemburger Wort vum 21. Abrëll 2018, S. 82

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. Dee Conseil soll Avise fir de Sportsministère ausschaffen an e besonnesch a budgetäre Froe beroden.
  2. Coque: Robert Schuller neie President vum Verwaltungsrot (mat engem Extrait aus dem Pilo Fonck sengem Bréif) rtl.lu 18.Juni 2010
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads