Sechs

natierlech Zuel From Wikipedia, the free encyclopedia

Sechs
Remove ads

Déi natierlech Zuel Sechs (6) ass d'Nofollgerin vun der Fënnef an d'Virgängerin vun der Siwen.

op ee Bléck Virgänger, Nofollger ...
Remove ads

Mathematik

Dat réimescht Zeeche fir d'Sechs ass VI.

Et ass déi klengst zesummegesat Zuel mat zwéi verschiddene Primfacteuren an déi véiert Dräieckszuel. Et ass eng gerued Zuel.

Geometrie

Thumb
3D-Modell vun engem Wierfel

De Wierfel, och Hexaeder (aus dem Griicheschen) oder Kubus (aus dem Laténgeschen), ass ee vu fënnef platonesche Kierper an huet sechs déi selwecht Flächen. En Tetraeder huet 6 Kanten an en Oktaeder 6 Ecker.

Thumb
Kugel aus Hexagonen

E Sechseck oder Hexagon (vum griich. héxa, „sechs“ a γονία, gonía, „Wénkel; Eck“) ass e Villeck (Polygon), deen aus sechs Ecken a sechs Säite besteet.

Vill Kristaller bilden hexagonal (sechseckeg) Strukturen, wéi natierlecht Äis, a Schnéiflacken hu sechs Spëtzen. An der Natur fënnt een déi hexagonal Form an de Wänn vun Hunnegwaben.

Remove ads

Naturwëssenschaft

Chimie

Déi 6. Grupp vum Periodesystem (och nach Chromgrupp genannt), ass déi 6. Grupp (Kolonn) vum Periodesystem vun den Elementer.

Am Periodesystem an der Chimie ass d'Sechs d'Uerdnungszuel vum Kuelestoff.

Astronomie

De Messier 6 (och als NGC 6405 bezeechent) ass en hellen oppene Stärekoup am Stärebild Scorpius

De Wantersechseck ass eng Konstellatioun vun helle Stären um nërdleche Wanterhimmel. Et ass kee Stärebild am Sënn vun der IAU, mä et ëmfaasst e puer Stärebiller mateneen.

Remove ads

Konscht

E Museksensembel mat sechs Instrumenter oder sechs Persounen ass e Sextett. An der Instrumentalmusek gi Sextetter haaptsächlech duerch Kompositioune fir sechs Sträichinstrumenter vertrueden. Bekannt Sträichsextette stame vu Komponiste wéi Brahms, Dvořák, Reger, Tschaikowsky, Martinů a Schönberg.

Aneres

Der Krich vu Sechs Deeg war e Krich tëscht Israel a sengen arabeschen Nopeschstaaten Egypten, Jordanien a Syrien, dee vum 5. bis den 10. Juni 1967 gedauert huet.

D'Nationalstrooss 6 oder N6, och nach Areler Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss. Si féiert vun der Stad Lëtzebuerg op déi belsch Grenz.

Eng Quantitéit vu sechs gläichaartege Saache gëtt „eng hallef Dosen“ genannt (eng hallef Dosen Eeër, eng hallef Dose Mëtschen).

De Buschtaf F, respektiv f, ass de sechste Buschtaf am laténgeschen Alphabet.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Sechs – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads