Radio Diddeleng
lokale Radiossender zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Radio Diddeleng ass e lokale Radiosender zu Lëtzebuerg, dee vun Diddeleng aus sent a vun der A.s.b.l. Radio Diddeléng[sic][1] bedriwwe gëtt.
Remove ads
Historique
Radio Diddeléng asbl ass 1992 vun e puer idealistesche Privatleit gegrënnt ginn déi voller Enthusiasmus ware fir Radio ze maachen.[2]
Vun der éischter Stonn u sinn d'Emissiounen aus dem Studio, deen an engem Privathaus an der Bannenterstrooss installéiert war, 24/24 Stonnen op der Frequenz 103,9 iwwerdroe ginn.
1994 huet de Radio seng Dieren an den ale Pompjeeslokalen hanner der Gemeng opgemaach. á
1996 ass d'Frequenz vu Radio Diddeleng offiziell op 103,6 geännert ginn.
Zanterhier gëtt et Emissioune vun Animateure vu verschiddenen Altersklassen, wéi "Happy Hour", "Show-Time", "On Air", wourënner och lokalhistoresch Emissioune wéi déi vum Jos Weirich iwwer Die Kriegsjahre 1940-1945 an déi vum Nic Daubenfeld mat Düdelinger Allerlei sinn.
Radio Diddeleng sent och Emissioune vun der portugisescher Communautéit vun Diddeleng.
2007-2009 goufe mat Ënnerstëtzung vun der Diddelenger Gemeng an dem Syndicat d'Initiative d'Studioen an déi ganz Technik vum Radio moderniséiert.
Remove ads
Ekipp
D'Ekipp besteet ausschliisslech aus fräiwëllege Mataarbechter. Déi villfälteg Funktiounen déi am Radio z'erfëlle sinn erlabe jiddwerengem seng Kompetenzen a Motivatiounen anzebréngen.
Kuckt och
Referenzen
- Source vum Historique op radiodiddeleng.lu
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads