Raf-Kaffi

Kaffisgedrénks From Wikipedia, the free encyclopedia

Raf-Kaffi
Remove ads

Raf-Kaffi (op Russesch раф-кофе), oder kuerz Raf, ass e Kaffisgedrénks, dat a Russland an anere Länner vun der fréierer Sowjetunioun populär ass.

Thumb
Raf-Kaffi

Geschicht

De Raf-Kaffi huet säin Urspronk an de Joren 1996-1997 am Café „Coffee Bean“ zu Moskau[1]. E Stammclient mam Numm Rafael Timerbaew soll d'Baristae gefrot hunn, fir hien en neit Gedrénks z'erfannen. Dräi Baristaen hunn experimentéiert an en neit Gedrénks kreéiert, ufanks „Kaffi fir de Raf“ genannt. Geschwënn hunn d'Cafésclienten nom „selwechte Kaffi, wéi dee fir de Raf“ gefrot an den Numm vum Gedrénks gouf geschwënn op „Raf-Kaffi“ oder einfach „Raf“ verkierzt[2]. Dëst Kaffisgedrénks gouf séier populär a russesche Caféen[3][4]. Bis 2018 hat sech de Raf-Kaffi iwwer d'Grenze vu Russland eraus verbreet a gouf a Caféen an der Ukrain, a Wäissrussland, Moldawien, Kasachstan a Kirgisistan zerwéiert[5].

Remove ads

Preparatioun

Fir e Raf-Kaffi ze maachen, gëtt e bësse Sirop an eng Kaffiskan geschott, duerno kënnt Espresso derbäi[6]. Da gëtt waarm Ram a Vanillzocker drënnergeréiert. All d'Ingrediente ginn an engem Krou erhëtzt[7]. De fäerdege Raf gëtt dacks mat Kanéilpudder bestreet[8]. Et gëtt verschidde Variatioune vum Gedrénks, bei deenen amplaz vum Zocker verschidde Siropen (Lavendel-, Hielenner-, Ahornsirop) oder zum Beispill Hunneg derbäi kënnt[9].

Remove ads

Rezensiounen

A Russland gouf de Raf Kaffi kritiséiert, well de Goût vu Ram a Vanillzocker den Espresso-Aroma bal komplett ënnerdréckt[2]. Kaffisexperten erkennen awer un, datt dat Kaffisgedrénks eng vun de wéinege Kaffisinnovatioune mat russeschem Urspronk ass[1]. Si betruechten d'Popularitéit vun dësem zimmlech séisse Gedrénks och als charakteristesch fir d'russesch Kaffiskultur[10].

Referenzen

  1. (ru) Olga Kiseljowa, Правда ли, что кофе раф придумали в Москве?. The Village (17.11.2015) Archivéiert den 20.09.2018. Gekuckt den 20.09.2018.
  2. (ru) Wladimir Gridin, «Раф-кофе, кстати, придумал мой отец» — кофе-гуру Егор Невейкин. Москвич Mag (21.07.2021) Archivéiert de 07.07.2023. Gekuckt de 07.07.2023.
  3. (en) Rebecca Bluitt, 'Rusiano' revolution: How Moscow does coffee. CNN Travel (26.02.2018) Archivéiert den 23.09.2018. Gekuckt den 02.07.2021.
  4. (en) Darja Afanasjewa, Meet The Raf, Russia’s Favorite Coffee Drink. Sprudge (10.03.2016). Gekuckt de 14.11.2025.
  5. (ru) Кофе: рецепты, коктейли, советы, мастер-классы 98. Ресторанные ведомости (2014).
  6. (ru) Раф-кофе / Raf coffee. Азбука кофе Archivéiert den 28.09.2020. Gekuckt den 21.09.2018.
  7. (ru) Wiktorija Reschulskaja, I raff you, baby: 8 необычных раф-кофе для тех, кто уже всё пробовал. Time Out Moscow (09.10.2020) Archivéiert de 17.08.2023. Gekuckt de 17.08.2023.
  8. (ru) Круглый стол: 10 экспертов о кофе в Москве и мире. The Village (20.06.2013) Archivéiert den 20.09.2018. Gekuckt den 20.09.2018.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads