Kirgisistan

Staat an Zentralasien From Wikipedia, the free encyclopedia

Kirgisistan
Remove ads

De Kirgisistan, mam vollen Numm Kirgisesch Republik, ((ky) Kyrgyz Respublikasy, (ru) Kyrgyzkaja Respublica) ass e Staat an Zentralasien. Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kirgisescher Sozialistescher Sowjetrepublik (Kirgisesch SSR) ervirgaangen.

Кыргыз Республикасы (kirgis.)
Киргизская Республика (russ.)
Kirgisskaja Respublika

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Thumb
Offiziell Sprooch: Kirgisesch a Russesch
Haaptstad: Bischkek
  Awunner: 1.191.000 (2025)
Staatsform: Republik
  President: Sadyr Dschaparow
  Premierminister: Adylbek Kassymalijew
Fläch: 199.900 km²
Bevëlkerung: 7.281.800 (2025)
  Bevëlkerungsdicht: 36 Awunner/km²
Onofhängegkeet: 31. August 1991 vun der Sowjetunioun
Nationalfeierdag: 31. August
Nationalhymn: Ak möngülüü aska
Wärung: Som (KGS)
Zäitzon: UTC +6
Internet TLD: .kg
Internationalen
Telefonsprefix
:
+996
Remove ads

Geographie

D'Kirgisesch Republik läit am Nordoste vun Zentralasien. D'Land grenzt am Norden un de Kasachstan, am Südwesten un Usbekistan, am Süden un Tadjikistan, am Osten a Südosten u China. D'Land huet eng Fläch vun 199.900 km² a Grenze vun am Ganze 4.500 km. De Kirgisistan ass e Biergland; eppes manner wéi 90 % vum Territoire leien op enger Héicht vun iwwer 1.500 Meter.

D'Haaptstad ass Bischkek, mat enger Bevëlkerung vu knapp 1,2 Millioune Leit.

Aner grouss Stied sinn:

  • Osch (473.500 Awunner),
  • Djalal-Abad (184.400),
  • Karakol (90.700),
  • Tokmok (76.200),
  • Ösgön (65.500),
  • Kysyl-Kyja (64.100).

De gréissten Oblast ass Naryn (45.00 km²) an d'Oblaste mat der héchster Bevëlkerungsdicht sinn Osch (49 Leit pro Quadratkilometer) an Tschüi (48 Leit).

Remove ads

Administrativ Ënnerdeelungen

De Kirgisistan ass administrativ a 7 Oblasten (oder Oblus, Méizuel Oblustor) agedeelt. D'Oblaste sinn a 40 Rajonen ënnerdeelt, déi hirersäits nees a 473 Landgemengen an 22 Stied opgedeelt sinn.

Do dernieft gëtt et nach zwou Stied (Bischkek an Osch), déi zu kengem Oblast gehéieren, woubäi d'Stad Bischek a 4 Rajonen agedeelt ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Oblasten am Kirgisistan.

Remove ads

Klima

D'Klima vum Land ass staark kontinental, de Summer an de Stied ass zimmlech waarm, an an de Bierger relativ kill. D'Wantere si kal a schnéiräich, besonnesch an den Héichten.

Déi duerchschnëttlech Lofttemperatur am Summer ass +27° C, mat enger duerchschnëttlecher Minimaltemperatur vu +16° C an enger duerchschnëttlecher Héchsttemperatur vu +33° C. Am Wanter läit d'Lofttemperatur am Duerchschnëtt bei +1° C, déi duerchschnëttlech Minimaltemperatur ass -12° C an déi duerchschnëttlech Héchsttemperatur ass +10°C.[1]

Staats- a Regierungsform

De Kirgisistan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik. All 5 Joer si Wale fir d'Parlament, dat 75 Memberen huet.

Bevëlkerung

D'Land huet knapp 7,3 Milliounen Awunner (Stand: 2025)[2], dovu si 77,8 % Kirgisen, 14,2 % Usebeeken, 3,8 % Russen, 1,0 % Dunganen, 0,9 % Tadschiken an 2,3 % aner Ethnien[3].

Sproochen

Offiziell Sproochen am Kirgisistan si Kirgisesch an zanter dem Mee 2000 och Russesch.

Regierung a Parteien

Zënter der Parlamentswal vun 2021 ass de Sadyr Dschaparow de President vum Land.

Um Spaweck

 Commons: Kirgistan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (en) Geographical Characteristics, Climate and Environment S. 7. National Statistical Committee of the Kyrgyz Republic. Gekuckt den 29.06.2025.
  2. (en) Ethnic composition of the population S. 14. National Statistical Committee of the Kyrgyz Republic. Gekuckt den 29.06.2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads