Servior

Etablissement public mat soziale Servicer fir eeler Leit From Wikipedia, the free encyclopedia

Servior
Remove ads

Servior (Kontraktioun vu Service Senior), mam ganzen Numm Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg. Et bitt sozial Servicer fir Leit iwwer 60 Joer un.

op ee Bléck Typ, Slogan ...
Remove ads

Geschicht

D'Gesetz vum 23. Dezember 1998[2] gesäit d'Grënnung vun zwee ëffentlechen Etablissementer vir. Op der enger Säit den Établissement public Centres, foyers et services pour personnes âgées ënner der Tutelle vum Familljeministère, an op der anerer Säit en Etablissement public Centres de gériatrie ënner der Tutelle vum Gesondheetsministère.

Duerch d'Gesetz vum 22. Dezember 2000[3] gi déi béid Etablissementer zu engem eenzegen, ënner der Tutelle vum Familljeministère zesummegeschloss. Nieft de legislativen Definitiounen hunn se sech den Numm Servior (Service Senior) ginn. De roude Léiw am Logo soll un d'Wuerzelen an d'Evolutioun vu Servior erënneren, awer och d'Zeeche vu Sécherheet a Stäerkt sinn.

Remove ads

Strukturen

Servior leet 8 CIPAen, 6 Fleegeheemer an eng encadréiert Residenz fir eeler Leit[4]:

Aktuell Ariichtungen

Fréier Ariichtungen

Servior bitt awer och nach aner Servicer fir Senioren un, sou z. B. Iessen op Rieder, e Mëttesdësch, Vakanzenzëmmeren an den Dagesfoyer „Am Gäertchen”.

Remove ads

Administratioun

Méi Informatiounen Period, President ...
Méi Informatiounen Period, Direkter ...

Um Spaweck

Referenzen

  1. (fr) Loi du 23 décembre 1998 portant création de deux établissements publics (...). legilux.public.lu (23.12.1998). Gekuckt den 12.09.2020.
  2. (fr) Tous nos centres d'hébergement. www.servior.lu. Gekuckt den 12.09.2020.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads