Schibech
Floss an der Belsch an zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Schibech ((de) Schiebach) ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach am Éislék. Se entsteet aus dem Zesummefloss vun e puer klenge Baachen op der belscher Säit, ronn 250 m. ëstlech vun der Wemperhaart, op enger Héicht vu 508,14 Meter.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Se leeft vun do aus a südëstlecher Richtung bis op Kéisfuert. Op ronn 2 km geet de Verlaf vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz der Baach no. Da leeft se iwwer knapp 3,5 km virun duerch den Dall, bis se nërdlech vum Flouer Goudebierg nees op d'Landesgrenz stéisst. Dës geet dann erëm e gudde Kilometer der Baach no, bis op de westlechste Wupp vun der Gemeng Wäiswampech. Do verléisst d'Schibech de Lëtzebuerger Territoire, leeft iwwer ca. 1,3 km virun, bis se nërdlech vu Peterskirchen (Gemeng Buerg-Räiland) op enger Héicht vun 341,86 Meter an d'Our leeft.
Remove ads
Biller
- Am Dall vun der Schibech
Kuckt och
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
| Commons: Schibech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
