Seen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
An der Anatomie vun den Déieren a vum Mënsch ass eng Seen (lat.: Tendo) eng Verbindung tëscht Muskel a Schank, déi d'Muskelaktivitéit op d'Schank iwwerdréit an dobäi de Spannunge standhält. Eng Tëscheseen (Intersectio tendinea) ass eng Seen, déi zwéin Deeler vum engem Muskel matenee verbënnt.

Et ass eng fest, wäiss Struktur, déi ronn (wéi eng Schnouer oder e Kabel) oder flaach (wéi e Sécherheetsrimm) ka sinn. Op Plazen op deene si extreem héije Reiwungskräften ausgesat ass, ka si vun enger extra Schutzschicht ëmgi sinn (der Seenescheed oder Vagina Tendinis). Seenefasere setzen entweeder un der Schankenhaut (Periost) un oder sinn direkt an der Schank verankert.[1]
D'Fasere vun de Seene bestinn aus Bindegeweebe. Hëtzt mécht deen Tissu an de Seene méi mëll; dowéinst léisst sech gebrodent oder gekacht Fleesch einfach vun de Schanken.
Bei staarker Deenung, zum Beispill bei enger stënterlecher Iwwerbelaaschtung, kann et zu enger Seenenzerrung kommen. Well d'Seenefasere geschiedegt goufen, entzünde se sech, an et kënnt zu enger Seenenentzündung (oder Tendinite). Ze staark Belaaschtunge kënnen zu engem Seenerëss féieren.
Den Ënnerscheed mat de Bänner besteet doran, datt d'Bänner Schanke mat Schanke verbannen, an d'Seenen eben d'Muskele mat de Schanken. Am mënschleche Kierper gëtt et ongeféier 4.000 Seenen. Eng bekannt dovun ass d'Achillesseen.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Seen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
