Servigny-lès-Sainte-Barbe
franséisch Gemeng am Departement Moselle From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Remove ads
Servigny-lès-Sainte-Barbe ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Uertschaft läit um Haut Chemin am Nordoste vu Frankräich tëscht dem breeden Dall vun der Woëvre an dem loutrengesche Plateau, an engem Hank laanscht d'Departementsstrooss 3. Ronderëm d'Uertschaft ass fräi Gewan, op där haaptsächlech Geméis gezillt gëtt. Just am Norden an am Süden leien op enger Distanz vu ronn 1 km e puer kleng Bëscher.
D'Uerschaft ass bekannt wéinst der Schluecht vu Servigny am August a September 1870, bei där sech den Offizéier Paul Gaspard de Brem duerch säi Courage d'Éierelegioun verdéngt hat.
Fréier huet d'Duerf der Abtei Saint-Symphorien gehéiert.
Um Territoire vun der Gemeng ass d'Südportal vum Tunnel vu Failly deen zu der fréierer Eisebunnslinn Metz-Vigy-Anzeling gehéiert huet. D'Nordportal ass um Terrtoire vun der Gemeng Failly. Eng Parti vun där Streck gëtt haut op 12 km vun der Association Lorraine d'Exploitation et de Modélisme Ferroviaire am Dall vun der Canner als Chemin de fer touristique de la Vallée de la Canner exploitéiert.
Remove ads
Kuckt och
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads