Stafelter

Lieu-dit an der Gemeng Nidderaanwen From Wikipedia, the free encyclopedia

Stafelter
Remove ads

De Stafelter ass e Lieu-dit mat dräi Haiser an der Gemeng Nidderaanwen, direkt op der Grenz mat der Gemeng Steesel. E läit op enger Héicht vu 406 Meter op der Kräizung vun dräi Stroossen, dem CR125, dem CR126 an dem CR119. Den Autobunnstunnel Stafelter leeft op e puer Meter nordëstlech vun den Haiser duerch.

op ee Bléck Aussprooch, Land ...

Déi dräi Haiser um Stafelter gehéieren zu de wéinegen Haiser déi am Gréngewald stinn. Den eelsten Hiwäis op en Haus oder Haff op dëser Plaz fënnt een an engem Dokument vun der Administration des biens de la Cour grand-ducale Luxembourg aus dem Joer 1889. Fréier huet do de Fierschter gewunnt, deen am Déngscht vum Groussherzog stoung, duerno war eng Wiertschaft dran an dunn nees Wunnenge fir Bëschaarbechter. Hautdesdaags gehéieren d'Gebaier dem Staat.

Den Urspronk vum Numm „Stafelter“ konnt net eendeiteg festgestallt ginn. Eng Theorie ass, datt op där Plaz e Stee louch deen d'Form vun engem Dësch hat, op deem fréier d'Rechtsverhältnesser gereegelt goufen. Dëse Steen, ((de) „Staffelstein“), huet der Kräizung méiglecherweis hiren Numm ginn.

Eng aner Deitungméiglechkeet ass, datt „Staf(f)el“ op de Begrëff stapelen, also „tässelen“ zeréckgeet; deemno wier um Stafelter e Stapelstein oder Stapelplatz gewiescht, also eng Plaz op där mat Wuere gehandelt gouf[1].

Remove ads

Biller

Literatur

Hess, Joseph, 1960. Der Staffelstein im Grünewald. Luxemburger Wort Nr. 308, S. 4.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Stafelter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Quell, wou net anescht uginn: Informatiounspanneau am Bësch um Stafelter
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads