Stan Ockers

belsche Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia

Stan Ockers
Remove ads

De Josephus Constant genannt Stan Ockers, gebuer den 3. Februar 1920 zu Borgerhout, engem Distrikt vun Antwerpen, a gestuerwen den 1. Oktober 1956 an enger Klinick vun Antwerpen[1], war ee belsche Vëlossportler.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
Monument fir de Stan Ockers op der Côte des Forges op der Nationale 62 tëscht Beaufays a Louveigné

De Stan Ockers deen 1941 Profi gouf konnt sech eréischt an den 1950er Jore richteg profiléieren. Seng bescht Jore waren tëscht 1953 a 1955 mat Succèsen op der Flèche wallonne (1953) an um Week-end ardennais (1955).

1955 gouf hien och an Italien zu Frascati Weltmeeschter op der Strooss, an op der Pist zesumme mam Rik van Steenbergen belsche Champion an der Américaine.

Um Tour de France konnt hie sech zweemol als Zweete placéieren an zwar 1950 hanner dem Ferdi Kübler an 1952 hanner dem Fausto Coppi.

1955 an 1956 war hie beim Tour de beschte Sprinter.

Hien hat knapps 36 Joer wéi hien den 29. September 1956 bei engem Pistefueren zu Antwerpen sou schwéier gefall ass, datt hien zwéin Deeg drop gestuerwen ass.

Remove ads

Palmarès

1941

1946

1948

1953

1954

1955

Um Spaweck

 Commons: Stan Ockers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Stan Ockers" vum Claude Degauquier
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads