Liège-Bastogne-Liège

Vëloscourse an der Belsch From Wikipedia, the free encyclopedia

Liège-Bastogne-Liège
Remove ads

Liège-Bastogne-Liège ass eng Vëloscourse, déi an der Belsch vu Léck op Baaschtnech, an zeréck gefuer gëtt, ausser an de Joren 1894 an 1972, wou d'Course zu Spa, repektiv zu Verviers ukomm ass. Déi éischt Course gouf 1892 gefuer. Domat ass et déi eelst Course op der Lëscht vun de groussen Epreuven.

Séier Fakten Allgemeng Informatiounen, Grënnungsdatum ...

Vun 1950 bis 1964 gouf och e Week-end ardennais ausgedroen. Et huet sech dobäi ëm e kombinéiert Klassement vun de Coursse Liège-Bastogne-Liège a Flèche wallonne gehandelt.

Thumb
Liège - Bastogne - Liége 2007; D'Echappée vu Moies.
Vu vir no hannen: Rémy Di Gregorio - Unaï Etxebarria - Vasil Kiryienka - Jan Kuycks
Thumb
Liège-Bastogne-Liège 2007.
De Plotto am Stouss vun Tavigny
Thumb
Déi véier Éischt beim Liège-Bastogne-Liège 2008 zu Boncelles. Vu lénks no riets: Davide Rebellin, Andy Schleck, Alejandro Valverde, Fränk Schleck
Thumb
Liège-Bastogne-Liège 2008. Echappée moies an der Côte d'Embourg. Vir den David Kopp, hannen de Sébastien Delfosse
Thumb
Liège-Bastogne-Liège 2008. Drëtt Echappée op der Kopp vun der Côte de Ny. Vu lénks no riets: David Kopp, Pavel Brutt, Markus Fothen, Tom Stubbe, Pierre Roland.
Thumb
Den Andy Schleck bei senger Attack op de Philippe Gilbert an der Côte de la Roche aux Faucons um L-B-L 2009
Thumb
De Philippe Gilbert an der Côte de la Roche aux Faucons um L-B-L 2009
Thumb
D'Echappée vum Dag an der Côte de Wanne um L-B-L 2014

De Marcel Ernzer huet den 9. Mee 1954 Liège-Bastogne-Liège gewonnen. De 26. Abrëll 2009 gouf d'Course vum Andy Schleck gewonnen. 2018 war de Bob Jungels deen drëtte Lëtzebuerger dee säin Numm op de Palmarès gesat huet.

Zanter 2005 gehéiert Liège-Bastogne-Liège zum UCI ProTour.

Bekannt Koppen, déi bal all Joer um Programm stinn, sinn d'Côte de Saint-Roch, d'Côte de Wanne, d'Côte de Stockeu, d'Haute Levée, d'Redoute, d'Roche aux Faucons a just virun der Arrivée de Stouss vu Saint-Nicolas.

Remove ads

Gewënner

Méi Informatiounen Joer, Gewënner ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Liège-Bastogne-Liège – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads