SuperWASP

From Wikipedia, the free encyclopedia

SuperWASP
Remove ads

De SuperWASP-Projet ass eng automatesch Sichmaschinn fir extrasolar Planéiten. Den europäesche Projet steet fir Super Wide Angle Search for Planets.

Thumb
Déi 8 Objektiver an hirer Montéierung

Standplaz

De SuperWASP besteet aus zwéin Observatoiren déi autonom schaffen. Si sinn am Roque de los Muchachos Observatoire op La Palma (28° 45′ 37″ N, 17° 52′ 45″ W7) an am South African Astronomical Observatory, Südafrika (32° 22′ 46″ S, 20° 48′ 38″ O7).

Technik

An enger eegens entworfener autonomer Observatiounsstatioun stinn aacht Teleobjektiver (200mm/f1.8 Canon) op enger equatorialer Montéierung an Houfeiseform bereet, fir a kloren Nuechte ronn 50.000.000 Miessunge vu Stärenhellegkeeten ze maachen.

All Objektiv ass mat enger astronomescher CCD-Kamera mat 2048×2048 Pixele verbonnen, déi e Bildfeld vu 7,8×7,8 Grad liwweren.

Miessungen

An all Nuecht sollen d'Kamerae ronn 800 Biller maachen, déi jee 35 Sekonne laang beliicht ginn.

D'Hellegkeete vun de Stäre sollen tëscht der 7. an der 13. Gréisst mat 1 Prozent Genauegkeet (0.01 Gréissteklassen) bestëmmt ginn.

Resultater

Aus der zäitlecher Analys vun de Miessungen erhofft ee sech en ettlech Entdeckunge vun Exoplanéiten, déi virun hirer jeeweileger Sonn laanschtzéien an doduerch där hiert Liicht erofsetzen. An der Tëschenzäit ass d'Zuel vun de Planéiten déi de SuperWASP-Projet entdeckt huet op 117 eropgaangen.

Entdeckt Exoplanéiten

Méi Informatiounen Stär, Stärebild ...


Remove ads

Änlech Projeten

Am Ament gëtt et ongeféier 20 änlech Projeten, z. B. OGLE (Optical Gravitational Lensing Experiment), STARE, PSST, HAT, TASS Sky Survey (TASS) etc.

Literatur

  • SuperWASP: Magnitudes by the Millions, Sky&Telescope, August 2004, S. 30

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads