D'Zeeche geet op de phenizesche Buschtafalef zeréck, deen ursprénglech e Stéierkapp duergestallt huet. Wann een e groussen Alpha op de Kapp stellt oder e klengen ëm 90 Grad géint den Auerzärersënn dréint, kann ee nach gutt e Stéierkapp erkennen.
Aus dem selwechten Zeechen hu sech den hebräeschen aleph an den arabeschen alif entwéckelt, aus dem griichesche Buschtaf de laténgeschen A an doraus och de kyrilleschen A.
Alpha = Ufank, Eent
Den Alpha ass den éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet, dofir steet Alpha fir „Ufank“, nach méi symbolesch fir „Geescht“ (ëmgangssproochlech och dat „Héchst“, „Gréisst“, „Bescht“)
Beta ass den zweete Buschtaf, doduerch kënnt d'Wuert Alphabet
Omega ass de leschte Buschtaf: D'Riedensaart »den A an O«(eigentlech: »den Ἄλφα an den Ὠμέγα«) bedeit „Ufank an Enn“, „Alles“, „Gott“. Och d'Riedensaart »en A fir en O virmaachen«„d'Tatsaache verdréinen“ bezitt sech dorop.
Alpha ass och d'Zuel Eent vum griicheschen Zifferesystem, doraus leede sech Fachausdréck of:
Sou schwätzt een a Ranguerdnunge vum Alpha-Déier als dem ranghéchsten oder Leetdéier, an entspriechend vum Omega-Déier fir déi rangniddregst Stuf.
An der Software-Entwécklung ass d'Alpha-Versioun eng éischt laffäeg Programmversioun.
Alpha als Formelzeechen
An der Mathematik déngt α allgemeng als Wénkelzeechen. Besonnesch ass α no Konventioun am Polygon de Wénkel deen zum Eck A gehéiert.
An der Physik (Mechanik) ass α d'Formelzeeche fir d'Wénkelbeschleunegung.
Als Alphastralung gëtt eng Form vu Radioaktivitéit bezeechent.
An der Quantephysik steet α fir d'Fäinstrukturkonstant.
An der Chimie versteet een ënner α den Dissoziatiounsgrad vun enger Saier resp. enger Bas.
An der Medezin eng Gehierwellenaart vun engem gewësse Frequenzberäich.
An der Molekularbiologie d'Ofkierzung vun Anti- als Bezeechnung fir en Zil-Epitop.
An der Finanzmaarttheorie bezeechent α als Alphafacteur (Jensen-Alpha) d'Mooss fir eng Extra-Rendit (positiven Alpha) oder eng Mannerrendit (negativen Alpha).
An der Computergraphik den α-Kanal fir d'Transparenz vun engem Objet.
An der Statistik beschreift den α-Feeler d'Warscheinlechkeet, eng eigentlech richteg Nullhypothes fälschlecherweis zu Gonschte vun der Alternativhypothes ze verwerfen.
Cronbach Alpha, Moosszuel aus der multivariater Statistik.