From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Olympesch Summerspiller 2008, offiziell d'Spiller vun der XXIX. Olympiad genannt, goufe vum 8. bis de 24. August 2008 zu Peking organiséiert. Et waren déi éischt Olympesch Spiller an der Volleksrepublik China.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der XXIX. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Maskottchen | Fuwa |
Land | China |
Stad | Peking |
Ufanksdatum | 8. August 2008 |
Schlussdatum | 24. August 2008 |
opgemaach vum/vun der | Hu Jintao |
Olympeschen Eed | Zhang Yining, Huang Liping |
Olympesch Fakel | Li Ning |
Kompetitiounen | 302 an 28 Sportaarten |
Ekippen | 204 |
Athleeten | 10.942 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 2004 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 2012 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/beijing-2008 |
Déi allermeescht, mä net all d'Kompetitioune waren zu Peking selwer. Sou goungen d'Seegler zu Qingdao op d'Waasser a Foussball gouf nieft der Haaptstad och zu Qinhuangdao, Shanghai, Shenyang an Tianjin gespillt. D'Reide war zu Hong Kong a gouf dowéinst och net vum chineeseschen nationalen olympesche Comité, mä vun deem vun Hong Kong organiséiert.
D'Haaptareena vun de Spiller war den Nationalstadion vu Peking.
Et waren 11 028 Athleeten aus 204 Länner um Start. Lëtzebuerg war mat 13 Olympionike vertrueden:
|
|
|
De Liichtathleet David Fiegen war qualifizéiert, huet awer wéinst Krankheet missen op eng Participatioun verzichten.
De Schwëmmer Raphaël Stacchiotti huet de Fändel vu Lëtzebuerg bei der Erëffnungszeremonie gedroen.
Bei de Spiller 2008 gouf an 28 Sportaarten an an zesummen 302 Disziplinne géintenee konkurréiert.
Lëscht vun den olympesche Sportaarten 2008 an der Zuel vun den Disziplinnen (a Klameren):
|
|
¹ = Schwammen, Synchronschwammen, Waasserball a Waassersprange gi vum IOC als Waassersport zesummegefaasst.
² = Sportgymnastik an Trampolinturne ginn zum Turne gerechent.
Commons: Olympesch Summerspiller 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.