Marie Muller

lëtzebuergesch Judoka From Wikipedia, the free encyclopedia

Marie Muller
Remove ads

D'Marie Muller, gebuer den 29. Juli 1985 zu Filderstadt bei Stuttgart, ass eng fréier lëtzebuergesch Judoka an duebel Olympionickin.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Si huet lëtzebuergesch-däitschen Originnen: hir Mamm ass Däitsch iwwerdeems hire Papp, de fréiere Fechter a fréieren Direkter vum Escher Theater, Charles Muller, Lëtzebuerger ass.

2008, 2010 an 2012 war si Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer. 2016 huet si wéinst Blessure mat hirer Sportscarrière opgehalen.[1]

Den 28. September 2012 huet si sech zu Esslingen mat hirem Trainer Ralf Heiler bestuet.[2]

Remove ads

Sportskarriär

D'Marie Muller huet eréischt zanter 2007 d'Lëtzebuerger Faarwe representéiert. Virdru war se (hire Papp ass Lëtzebuerger) an der däitscher Nationalekipp. No zwou schwéieren Operatiounen um Knéi an den noutgedrongene Pausen huet déi jonk Judokämpferin sech du fir d'lëtzebuergesch Formatioun decidéiert. Hir éischt international Kompetitioun fir Lëtzebuerg war bei de Spiller vun de klenge Länner 2007 zu Monaco.

Hir Participatioun bei den Olympesche Summerspiller 2008 zu Peking am Hallef-Liichtgewiicht (-52 kg) war souwuel fir d'Sportlerin wéi och de Grand-Duché eng Première. Et waren hir éischt Spiller an et war och déi éischt Kéier datt eng weiblech Judoka Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller vertrueden huet. D'Marie Muller hat d'Olympia-Qualifikatioun net direkt gepackt, krut awer no gudde Resultater beim Super World Cup 2008 zu Moskau nach am leschten Ament eng Wild Card fir Peking wou si déi 9. gouf.

No den Olympesche Spiller huet d'Marie Muller sech an d'Lëtzebuerger Arméi gemellt wou si vu Januar bis Abrëll 2009 hir Grondausbildung gemaach huet an duerno e spezielle Programm fir Héichleeschtungssportler absolvéiert huet. Si gouf duerno vun der Arméi fräigestallt fir sech voll hirem Training an der Kompetitioun ze konsakréieren.[3]

Bei den Olympesche Summerspiller 2012 zu London huet si knapps eng Bronze-Medail verpasst an ass op déi 5. Plaz komm.[4] Bei der Erëffnungsfeier huet si de lëtzebuergesche Fändel gedroen.

Hire Veräin zu Lëtzebuerg ass de JJC Bonnevoie an an Däitschland ass si am Bundesligateam vum KSV Esslingen.

2016 huet si no enger Rei Verletzunge Schluss gemaach mat hirer Sportskarriär. Duerno huet si eng Zäit an der Coque geschafft. Aktuell schafft si am Sportsdéngscht vum Prisong Ueschterhaff[5].

Remove ads

Palmarès

2004

2005

  • 5. Plaz, WC zu Leonding (Éisträich)
  • 2. Plaz, Däitsche Mannschaftsmeeschter mat der 1. Judobundesliga vum KSV Esslingen
  • 5. Plaz, EM U23 zu Kiew

2006

2007

2008

2009

2010

  • 5. Plaz, Grand Prix zu Qingdao
  • 5. Plaz, Grand Slam zu Tokyo
  • 1. Plaz, World Cup zu Birmingham
  • 9. Plaz, Weltmeeschterschaft zu Tokyo, ausgescheet an der 1/8 Finall (no Verlängerung) géint d'spéider Weltmeeschterin
  • 3. Plaz, World Cup zu Miami
  • 2. Plaz, US Open zu Miami
  • 1. Plaz, World Cup zu Tallinn
  • 9. Plaz, World Cup zu Sao Paulo
  • 3. Plaz, World Cup zu Warschau, ë. a. mat der PORPOR Joana Ramos
  • 2. Plaz, Grand Slam zu Rio
  • 5. Plaz, World Cup zu Budapest

2011

2012

2013

Remove ads

Kuckt och


Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Liz May
Liz May
Mandy Minella
2008
2010
2012
Liz May
Mandy Minella
Christine Majerus

Literatur

  • Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 74-75. ISBN 978-2-9599734-5-1

Referenzen

  1. marie-muller.info "about me" Archivéiert de 25.03.2012. Gekuckt de 07.06.2011.
  2. Bob Hemmen: Ex-Judoka Marie Muller arbeitet jetzt im Gefängnis am Luxemburger Wort vum 21. August 2025 S.38-39
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads