From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wäibau gëtt zu Lëtzebuerg laanscht d'Musel, op enger Streck vun 42 km, vu Schengen bis Waasserbëlleg, an och zu Rouspert op der Sauer praktizéiert. D'Lëtzebuerger Wäibauregioun huet eng total Fläch vun 1307 ha, vun deenen 1295 ha vu Lëtzebuerger an 12 ha vun auslännesche Betriber bewirtschaft ginn (2013).
Vun de bebaute Fläche sinn 26 % mat Rivaner-, jee 15 % mat Auxerrois- a Pinot gris-, jee 12 % mat Riesling- a Pinot-Blanc-Riewen a schliisslech 9 % mat Pinot Noir-Riewen ugeplanzt. Den Elbling, dee fréier bis zu 90 % vun der Fläch ausgemaach huet, ass op 7 % zeréckgefall. Donieft gëtt och nach Gewürztraminer a Chardonnay ugebaut, allebéid leie s'ënner 2 % vun der Ubaufläch. Rezent sinn och Versich mat neien, ontraditionelle Riefzorten op der Musel gemaach ginn, mat ë. a. dem Saint Laurent, dem Dakapo, dem Gamay an dem Muscat Ottonel. Si falen allerdéngs an der Statistik net an d'Gewiicht; se maachen zesumme nëmme knapps 11 % vun der Ubaufläch aus.
D'Lëtzebuerger Wäiproduktioun ass duerch extreem staark, wiederofhängeg Schwankunge gekennzeechent, wat, wéinst de klengen, fir den Export disponibele Quantitéiten, d'Prospectioun vun auslännesche Mäert schwéier mécht.
Am Joer 2013 ass zu Lëtzebuerg en Total vun 100.889 Hektoliter Wäi produzéiert ginn. Zur Wäiproduktioun droen haut zu Lëtzebuerg bäi:
Ausser dem Wäin, produzéiert d'Lëtzebuerger Musel och nach zanter 1992 Crémant. Lëtzebuerg huet als eenzegt Land nieft Frankräich d'Recht fir d'Bezeechnung Crémant ze benotzen. Beim Crémant mussen d'Wënzer verschidde streng Konditiounen erfëlle fir datt et Crémant gëtt.
Wann och vu laanger Zäit hier Wäin zu Lëtzebuerg Gebitt produzéiert gëtt, da war dëse Wäin net duerch eng besonnesch Qualitéit bekannt. Et ass nogewisen, datt schonn d'Réimer Wäin op der Musel produzéiert hunn. Wärend der Zäit vum Zollveräin, zu deem och Lëtzebuerg bis nom Éischte Weltkrich gehéiert huet, ass de lëtzebuergesche Wäi benotzt ginn, fir e mat den däitsche Wäiner ze verschneiden. Qualitéitsufuerderunge goufen net gestallt. Dat huet sech geännert, wéi Lëtzebuerg 1922 der Union économique belgo-luxembourgeoise bäigetratt ass, an Efforten huet misse maachen, fir d'Qualitéit ze verbesseren, besonnesch op follgende Pläng:
D'Wënzer zu Lëtzebuerg hunn ëmmer zesummegehalen, wann et geheescht huet hir Intressien ze vertrieden. Schonn 1911 ass de Lëtzebuerger Wënzerverband (Fédération des associations viticoles du grand-duché de Luxembourg) mat Sëtz zu Gréiwemaacher gegrënnt ginn. Du koum et 1921 zur Schafung vun der éischter Genossenschaftskellerei, där vu Gréiwemaacher an 1925 zur Grënnung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut. Deemools war de Wäibau an enger kritescher Lag an et huet em missen op ville Plaze gehollef ginn.
Eng wichteg Etapp fir de Wäibau war och d'Zesummeleeë vun de Genossenschaftskellereien. Eng eenzeg, Vinsmoselle, ass no der Fusiounswell nach iwwereg bliwwen.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Zu Lëtzebuerg ass fir de Wäin 1935 eng Marque Nationale agefouert ginn. Dës Marque Nationale gëtt duerch eng oval Collerette um Fläschenhals dokumentéiert a seet aus, wéinst de Bestëmmunge vun 1935 an hire spéideren Ofännerungen, datt:
2012 gouf de Biologesche Wäibau, och nach Bio-Wäibau, vu 7 Wënzerbetriber op am Ganze 25 ha bedriwwen (35 ha am Joer 2013). D'Wënzer ginn dobäi vum Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur (IBLA) beroden[1].
D'Groussherzoglecht Reglement vum 6. Mee 2004 leet d'Riefzorte fest, déi op der Lëtzebuerger Musel ugeplanzt däerfe ginn.
Riefzort | Ugebaut Fläch (2013)[2] | Undeel |
---|---|---|
Auxerrois | 188,06 ha | 14,52 % |
Chardonnay | 23,44 ha | 1,81 % |
Dakapo | 0,88 ha | 0,07 % |
Elbling | 93,11 ha | 7,19 % |
Gamay | 0,56 ha | 0,04 % |
Gewürztraminer | 21,60 ha | 1,67 % |
Muscat ottonel | 0,91 ha | 0,07 % |
Pinot blanc | 158,11 ha | 12,21 % |
Pinot gris (Ruländer) | 188,02 ha | 14,75 % |
Pinot noir | 193,78 ha | 14,96 % |
Pinot noir précoce | 2,01 ha | 0,16 % |
Riesling | 158,89 ha | 12,27 % |
Rivaner (Muller Thurgau) | 330,46 ha | 25,52 % |
Saint Laurent | 3,60 ha | 0,28 % |
Sylvaner | 0,64 ha | 0,05 % |
Gewëssen aner Riefzorten däerfen allerdéngs fir Versich oder fir wëssenschaftlech Zwecker ugeplanzt ginn. Sou war 2013 de wäisse Sauvignon op enger Fläch vun 0,48 ha a verschidden aner Zorten op enger Fläch vun 3,34 ha ugebaut.
D'Riefzort Dakapo däerf nëmme fir de Coupage benotzt ginn a bis zu maximal 10 % bei de Riefzorten Gamay, Pinot noir, Pinot noir précoce a Saint Laurent bäigemëscht ginn.
Commons: Wäibau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.