Abd al-Aziz ibn Saud

Grënner vum moderne saudi-arabesche Staat From Wikipedia, the free encyclopedia

Abd al-Aziz ibn Saud
Remove ads

Den Abd al-Aziz ibn Saud, mam ganzen Numm Abd al-Aziz ibn Abd ar-Rahman ibn Faisal Al Saud (عبد العزيز بن عبد الرحمن بن فيصل آل سعود), gebuer ëm de 15. Januar 1876 zu Riad a gestuerwen den 9. November 1953 zu Ta'if, war deen éischte Kinnek vum moderne Saudi-Arabien.

Séier Fakten Titelen, Zäit ...

Hie koum aus der Dynastie vun de Saud. Den Ibn Saud huet déi verschidde Clanen op der Arabescher Hallefinsel bekämpft (notamment d'Haschimiten deenen en d'helleg Stied Mekka a Medina, a vereent ofgeknäppt huet) a konnt, als vereenten Territoire, 1932 d'Kinnekräich Saudiarabie grënnen, vun deem e bis 1953 Kinnek war.

Mam Ufank vun der Petrols-Exploitatioun 1938 gouf den Ibn Saud ee vun de räichsten Herrscher vun der islamescher Welt. Gehollef hu vun Ufank un déi gutt Relatioune mat den USA.

No sengem Doud koum säin eelste Jong Saud ibn Abd al-Aziz op den Troun. Duerno koum säi Brudder Faisal drun (Kinnek vun 1964 bis zu sengem Doud 1975); dunn deem säin Hallefbrudder Chalid (1975 bis zu sengem Doud 1982), duerno en aneren Hallefbrudder, de Fahd (Kinnek 1982 bis zu sengem Doud 2005). Deem säin Nofollger war den Abdullah (Kinnek vun 2005 bis zu sengem Doud 2015), e Kand vun nach enger anerer Fra vum Abd al-Aziz, an zënter 2015 ass et dem säin Hallefbrudder Salman.

Am ganzen hat en eng 50 bis 60 Kanner.

Remove ads

Literatur

  • Uwe Pfullmann: Ibn Saud - König zwischen Tradition und Fortschritt. Edition Ost/Trafo-Verlag, Berlin 1999, ISBN 3-929161-99-0 / ISBN 3-89626-404-4.
  • Mordechai Abir: Government, Society and the Gulf Crisis. London 1993, ISBN 0415093252.
  • Sharaf Sabri: The house of Saud in commerce a study of royal entrepreneurship in Saudi Arabia. I.S. Publications, New Delhi 2001.
  • Said K. Aburish: Der märchenhafte Aufstieg und Verfall des Hauses Saud. Ist Saudi-Arabien als Partner des Westens noch tragbar? Knesebeck, München 1994, ISBN 3-926901-66-7.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Ibn Saud – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads