Fahd ibn Abd al-Aziz

saudi-arabesche Kinnek (1982–2005) From Wikipedia, the free encyclopedia

Fahd ibn Abd al-Aziz
Remove ads

De Fahd ibn Abd al-Aziz (arabesch: فهد بن عبد العزيز آل سعود), gebuer 1921 oder 1923 zu Riad an och do den 1. August 2005 gestuerwen, war vum 13. Juni 1982 bis zu sengem Doud Kinnek vu Saudi-Arabien.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Hie war den eelefte Jong vum Staatsgrënner Abd al-Aziz ibn Saud a senger sechster Fra, der Hasa bint Sudairi.

1953 gouf hie vu sengem Papp zum Ausbildungsminister ernannt. 1962 gouf en Innenminister, an 1967 Delegéierte Premierminister.

De 25. Mäerz 1975 gouf de Kinnek Faisal vu sengem Neveu Faisal ibn Musa‘id ermuert. De Chalid ibn Abd al-Aziz gouf dem Faisal säin Nofollger, an de Fahd gouf an de leschte Jore vum Kinnek Chalid senger Herrschaft De-facto-Premierminister.

De Fahd war fënnefmol bestuet an hat néng Jongen a fënnef Meedercher.

Remove ads

Um Spaweck

Commons: Fahd ibn Abd al-Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads