Saud ibn Abd al-Aziz
saudi-arabesche Kinnek (1953–1964) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Saud ibn Abd al-Aziz Al Saud (Arabesch: سعود بن عبد العزيز آل سعود), gebuer de 15. Januar 1902 zu Kuwait-Stad a gestuerwen den 23. Februar 1969 zu Athen, war vun 1953 bis 1964 den zweete Kinnek vu Saudi-Arabien.
Remove ads
Hie war den zweeteelste Jong vum Kinnek Abd al-Aziz ibn Abd ar-Rahman Al Saud, dem Grënner vun der Saud-Dynastie an éischte Kinnek vu Saudi-Arabien. Den 10. Mee 1933 gouf de Prënz Saud zum Krounprënz ernannt, dat entgéint der Traditioun, no där dat eréischt just virum Doud vum aktuelle Kinnek, a mat de Beduinen ofgeschwat, sollt geschéien.
Am Oktober 1953 gouf hie vu sengem Papp zum President vum nei agesate Ministerrot an och zum Commandant-en-Chef vun der Arméi ernannt. Den 9. November 1953 gouf de Saud, nom Doud vu sengem Papp, zum neie Kinnek ernannt, a säi Brudder, de Prënz Faisal, zum neie Krounprënz.
Hien huet grosso-modo d'Politik vu sengem Papp virugefouert, absënns déi enk Relatioune mat den USA a mat Groussbritannien.
Seng Regierungszäit war vu Spannungen tëscht him a sengem Brudder Faisal markéiert. Ë. a. dem Kinnek säi labberen a verbëtzeresche Liewensstil huet dem Faisal, deen e strenge Wahhabit war, net gefall. Dëse Konflikt huet sech 1964 zougespëtzt, wou sech d'kinneklech Garde an d'Nationalgarde zu Riad enaner géintiwwer stoungen. De Mononk vun deenen zwéin, de Prënz Abdullah bin Abd ar-Rahman Al Saud, huet doropshi mat deene wichtegsten Ulema vum Kinnekräich geschwat an erreecht, datt s'eng Fatwa decidéiere géifen, déi de Kinnek ofgesat huet. No engem hallwe Joer, wou e sech dergéint gewiert huet, huet de Saud schlussendlech opginn.
Den 2. November 1964 huet seng Herrschaft offiziell opgehalen, an deen Dag drop goung en an den Exil, ë. a. op Genf, Paräis an op d'Côte d'Azur, wou e sech et gutt goe gelooss huet, dono och op Heliopolis bei Kairo an op Athen, wou en un engem Häerzschlag gestuerwen ass.
A Saudiarabie gouf no sengem Doud net méi vill vun him geschwat; just d'Universitéit vu Riad, d'Kinnek-Saud-Universitéit, déi en 1957 opgemaach huet, dréit säin Numm.
Hien hat 52 Jongen a 50 Duechteren, vun offiziell zwielef Fraen, mat deenen e bestuet war. Dobäi kommen nach eng 50 Kanner, déi e mat Sklavinne kritt hat.
Remove ads
Um Spaweck
Commons: Saud ibn Abd al-Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads