Abdullah ibn Abd al-Aziz

From Wikipedia, the free encyclopedia

Abdullah ibn Abd al-Aziz
Remove ads

Den Abdullah ibn Abd al-Aziz Al Saʿud (arabesch: عبد الله بن عبد العزيز آل سعود), gebuer den 1. August 1924 zu Riad, an och do gestuerwen den 23. Januar 2015,[1] war vum 1. August 2005 bis zu sengem Doud absolutistesche Kinnek a Premierminister vu Saudi-Arabien.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Doduerch war hien och de Commandant-en-chef vun der saudescher Arméi. Hien hat scho vun 1995 als Krounprënz faktesch d'Staatsgeschäfter gefouert, nodeems säin Hallefbrudder, den deemolege Kinnek Fahd ibn Abd al-Aziz, en Hiereschlag kritt hat.

Den Abdullah war de 15. vu 37 Jonge vum Staatsgrënner Abd al-Aziz ibn Saud, seng Mamm war d'Prinzessin Fahda bint Asi Al Shuraim, dem Abd al-Aziz seng aacht Fra. Hie selwer war am Ganzen néngmol bestuet, a war Papp vu 14 Jongen an 20 Duechteren. D'Prinzessin Hussa bint Trad bin Sattam asch-Schaʿlan war seng Haaptfra. Si ass d'Tatta vum syresche President Baschar al-Assad.

Säin Nofollger ass de Salman ibn Abd al-Aziz.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Abdullah vu Saudi-Arabien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads