Capucine

franséisch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Capucine
Remove ads

D'Capucine, gebuer als Germaine Hélène Irène Lefebvre de 6. Januar 1928 zu Saint-Raphaël, a gestuerwen de 17. Mäerz 1990 zu Lausanne, war eng franséisch Schauspillerin.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

D'Capucine war am Ufank vun hirer Karriär Mannequin an de Moudenhaiser Givenchy an Dior zu Paräis. Am Kino war si fir d'éischt am Joer 1948 am Film L'aigle à deux têtes vum Jean Cocteau ze gesinn.

Bekannt Filmer mat hir sinn: Song Without End (1960) vum Charles Vidor, North to Alaska (1961) vum Henry Hathaway, The Pink Panther (1963) vum Blake Edwards, What's new Pussycat? (1965) vum Clive Donner a Richard Talmadge mam Peter Sellers, Peter O'Toole a Romy Schneider a Fellinis Satyricon (1969) vum Federico Fellini.

D'Capucine huet un Depressioune gelidden an huet sech am Joer 1990 d'Liewe geholl wéi si zu Lausanne aus hirer Wunneng am aachte Stack gesprongen ass.

Remove ads

Filmographie

Kino

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Capucine – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads