Delaware

Bundesstaat vun der USA From Wikipedia, the free encyclopedia

Delaware
Remove ads

Den Delaware ass e Bundesstaat op der Ostküst vun den USA. En ass als Éischte Staat bekannt, well en de 7. Dezember 1787 als éischt europäesch Kolonie d'US-amerikanesch Constitutioun ratifizéiert huet.

Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Delaware
Thumb Thumb
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: First State
Thumb
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad:Dover
Gréisst Stad:Wilmington
Gouverneur:Matt Meyer
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 49. Plaz
6.452 km²
21,5 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 45. Plaz
989.948 (2020)[1]
196,14/km²
Opgeholl als Memberstaat: 7. Dezember 1787 (1ten)
Zäitzon:UTC-5

Den Delaware ass e Staat an der Mëtt-Atlantik- a Süd-Atlantik-Regioun vun den USA. E grenzt am Süden an am Westen un de Maryland, am Norden u Pennsylvania, am Nordosten un den New Jersey an am Osten un den Atlanteschen Ozean. En huet 989.948 Awunner (Stand 1. Abrëll 2020)[2],[3].

Den Delaware hëlt den nordëstlechen Deel vun der Delmarva-Hallefinsel an, esou wéi e puer Inselen a Gebidder am Delaware River. Et ass den zweetklengsten a sechs-bevëlkerungsäermste Staat, awer och dee mat der sechsthéchster Bevëlkerungsdicht. Dem Delaware seng Stad mat de meeschten Awunner ass Wilmington, an d'Haaptstad ass Dover, déi zweetgréisst Stad am Staat. De Staat ass an dräi Grofschaften (Counties) ënnerdeelt, déi klengst Zuel u Grofschafte vun alle 50 US-Staaten; vun Norde bis Süde sinn déi dräi Grofschaften: New Castle County, Kent County a Sussex County. Déi zwou südlech Grofschaften, Kent a Sussex, waren historesch gesinn haaptsächlech landwirtschaftlech markéiert. New Castle ass méi urbaniséiert a gëtt als Deel vun der Metropolregioun Philadelphia ugesinn. Den Delaware gëtt vum U.S. Census Bureau zu de Südstaate gezielt, awer d'Geographie, d'Kultur an d'Geschicht vum Staat sinn eng Mëschung aus de Regioune Mëtt-Atlantik, Nordosten a Süde vum Land.

Éier d'Küst vum Delaware am 17. Joerhonnert vun Europäer exploréiert an entwéckelt gouf, war de Staat vu verschiddenen indigeene Stämm bewunnt, dorënner d'Lenape am Norden an d'Nanticoke am Süden. De Staat gouf fir d'éischt 1631 vun hollänneschen Händler zu Zwaanendael, nobäi dem haitege Lewes, Delaware, koloniséiert. Den Delaware war eng vun den Dräizéng Kolonien ("Thirteen Colonies"), déi un der Amerikanescher Revolutioun géint Groussbritannien deelgeholl hunn, wouduerch d'USA als onofhängeg Natioun gegrënnt goufen. De 7. Dezember 1787 huet den Delaware als éischte Staat d'Verfassung vun den USA ratifizéiert, wat him de Spëtznumm "The First State" (Den éischte Staat) abruecht huet.

Ekonomesch gesi kënnt em haut virun allem säi Status als Steierparadäis zegutt, deen eng Hellewull Gesellschaften dohigezunn huet. Zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech den Delaware zu engem "Corporate Haven" entwéckelt, deem seng Gesellschaftsgesetzer fir Firmen attraktiv schéngen; méi wéi d'Hallschent vun allen op der New Yorker Bourse kotéierten Entreprisen a méi wéi dräi Fënneftel vun de Fortune-500-Firmen si legal am Delaware inkorporéiert. Méi wéi 90 % vun allen US-baséierte Firmen, déi 2021 un d'Bourse gaange sinn, hunn sech am Delaware registréiere gelooss.

Remove ads

Etymologie

Den Delaware gouf no senger Lag un der Delaware Bay benannt, déi hiren Numm hirersäits vum Thomas West, dem 3. Baron De La Warr (1577–1618), dem éischte Gouverneur vun der Kolonie Virginia, hierhuet. D'Delaware-Vollek, en Numm, dee vun Europäer fir d'Lenape-Vollek (déi am Delaware-Dall indigeen sinn) benotzt gouf, leet säin Numm och vun der selwechter Quell of.

Den Numm de La Warr staamt aus dem Sussex an ass vun anglo-franséischer Hierkonft. E kënnt warscheinlech vun engem normannesche Lieu-dit "La Guerre". Dësen Toponym leet sech warscheinlech vum laténgeschen ager, dem bretonesche gwern oder dem spéitlaténgesche varectum (Broochland) of. D'Toponymme Gara, Gare, Gaire (de Laut [ä] huet dacks zu [æ] mutéiert) dauchen och an historeschen Texter op, déi vum Lucien Musset zitéiert goufen, wou d'Wuert ga(i)ra "gore" (en dräieckegt Stéck Land) bedeit. Et kéint och mat engem Patronym aus dem Alnordesche verr verbonne sinn.

Remove ads

Geographie

Gréisst Stied

Méi Informatiounen Stad, County ...

Um Spaweck

 Commons: Delaware – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://data.census.gov/cedsci/table?t=Populations%20and%20People&g=0100000US,%241600000&y=2020; Editeur: United States Census Bureau; consultéiert den: 20. Mäerz 2022.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads