Donkels

lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Wanseler From Wikipedia, the free encyclopedia

Donkels
Remove ads

Donkels ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.

op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...

Donkels a Soller waren déi eenzeg Uertschaften um Territoire vum haitege Lëtzebuerg, an deene fréier Wallounesch geschwat gouf.

Duerch d'Grenzzéiung duerch den Traité vu London koum et net, wéi déi aner wallouneschsproocheg Uertschaften, un d'Provënz Lëtzebuerg, mä un de Grand-Duché. Zeien dovu sinn z. B. franséischsproocheg Flouernimm, wéi Bois des Poux oder wallouneschsproocheg Bezeechnunge vun Uertschaftsdeeler vun Donkels, wéi Bohey.

Thumb
Hirem Wollef hunn déi Donkelsser e Monument opgeriicht
Remove ads

Geschicht

Donkelsser Wollef

Den "Donkelsser Wollef" war e Schéifer vu Briech, deen uganks vum 19. Joerhonnert an der Donkelsser Géigend Kierf verkaaft, an de Leit Geschichten iwwer déi sëllege Wëllef erzielt huet, déi en doutgemaach hätt, a fir déi Geschichten Iesse geheescht huet. Hie war mat engem Wollefspelz gekleet, dofir säin Numm. Duerch dëst markant Optriede war en iwwerall an deem Streech bekannt, soudatt et zum Ausdrock "Bekannt wéi den Donkelsser Wollef" koum.

Remove ads

Literatur

  • Alain Atten, Le wallon frontalier de Doncols-Sonlez; in: Beiträge zur luxemburgischen Sprach-und Vokskunde; Nr. XV; Lëtzebuerg, 1980; erausgi vum Institut grand-ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie.


Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Donkels – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads