Eurovision Song Contest 2015
60. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De 60. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 19. an 21. Mee, a seng Finall den 23. Mee 2015 an der "Wiener Stadthalle" an der éisträichescher Haaptstad Wien. D'Presentateure fir de Concours waren d'Alice Tumler, d'Arabella Kiesbauer, d'Mirjam Weichselbraun, an de Gewënner vum leschte Joer, d'Conchita Wurst.

Lëtzebuerg hat och, wéi déi 21 Joer virdru, fräiwëlleg net matgemaach. Och Bulgarien, Kroatien, Bosnien an Herzegowina, Monaco, Andorra, d'Slowakei, d'Tierkei an d'Ukrain hunn och fräiwëlleg net matgemaach. Australie war awer fir d'éischt Kéier dobäi. Am Ganzen hu 40 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Inga Arschakjan (Member vu Genealogy) fir Armenien 2009 (zesumme mam Anusch Arschakjan), den Elnur Hüseynov fir den Aserbaidjan 2008 (zesumme mam Samir Cavadzadə), den Amber fir Malta 2012 (Begleedungsgesang vum Kurt Calleja), de Raay (Member vu Maaraya) fir Slowenien 2014 (Begleedungsgesang vum Tinkara Kovač) an den Uzari fir Wäissrussland 2011 (Begleedungsgesang vum Anastassija Winnikawa).
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Siwe weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl hat, déi Kéier Éisträich. Dëst Joer koum zousätzlech och nach Australien dobäi.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Schweden, de Måns Zelmerlöw mam Lidd Heroes mat engem Total vun 365 Punkten an engem Virsprong vun 62 Punkte virun der Polina Gagarina (Russland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Il Volo, déi fir Italien ugetruede waren.
Fir Schweden war et déi sechste Kéier no 1974, 1984, 1991, 1999 an 2012 datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Remove ads
Halleffinallen
1. Halleffinall
Déi éischt Halleffinall war den 19. Mee 2015.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.
Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Australien, Éisträich, Frankräich a Spuenien.
2. Halleffinall
Déi zweet Halleffinall war den 21. Mee 2015.
Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.
Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Australien, Italien, Däitschland a Groussbritannien.
Remove ads
Finall
D'Finall war den 23. Mee 2015.
Déi 27 Länner an der Finall waren:
- Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
- D'Gaaschtland, Éisträich
- D'Land dat fir d'éischt Kéier dobäi ass, Australien
- Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
- Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
Am Fall vu Punktegläichheet hätt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 40 Länner déi matgemaach hunn.
Däitschland an Éisträich kruten allebéid keng Punkten an der Finall. Opgrond vum Reglement koum awer Däitschland op déi lescht Plaz well Éisträich méi eng niddreg Startnummer hat wéi Däitschland.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eurovision Song Contest 2015 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads