Fernand Fox

lëtzebuergesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Fernand Fox
Remove ads

De Fernand Fox, gebuer de 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, a gestuerwen den 23. September 2024[1], war e lëtzebuergesche Schauspiller.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hien ass bekannt fir seng joerzéngtelaang Presenz op Lëtzebuerger Bünen an och als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen.

Remove ads

Karriär

No sengem Lycée an der Stad an zu Iechternach goung de Fernand Fox op d'Interbank an du bei ARBED schaffen (1957-1981). Duerno huet hien e Café, d'Theaterstuff, opgemaach, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet.

1956 stoung hien eng éischt Kéier am Stater Casino op der Bün, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Hien huet doropshin 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.

Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.

Och an enger sëlleger Filmer, zulescht am Andy Bausch sengem Rusty Boys, war hien ze gesinn.

Remove ads

Filmer

Kino

Televisioun

Documentaire

Remove ads

Gielchen

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads