Gallo

Minoritéitesprooch a Frankräich From Wikipedia, the free encyclopedia

Gallo
Remove ads

Gallo ass eng Minoritéitesprooch déi am Oste vun der Bretagne geschwat gëtt. Déi, déi et schwätzen, ginn op Franséisch gallots genannt.

Méi Informatiounen Gallo Galo, Offizielle Status ...
Thumb
Kaart mat den Deeler vun der Bretagne wou Gallo geschwat gëtt.
Thumb
Schëld op Gallo um Mill Góll Fest (2007).
Thumb
Dräisproochegt Uertsschëld an der Bretagne: Franséisch (Saint-Brieuc), Bretonesch (Sant Brieg) a Gallo (Saint-Berieu)

Gallo ass eng vun de Langues d'oïl vun der Ieweschter Bretagne (Gallo: Haote-Bertègn) a gëtt traditionell am Ille-et-Vilaine, an der Loire-Atlantique an am Oste vum Morbihan an de Côtes-d'Armor geschwat.

Well et keng universell akzeptéiert Critèrë gëtt fir Sprooche vun Dialekter z'ënnerscheeden, gëtt et kee richtege Konsens iwwer de Status vum Gallo. Och wa se weesentlech mëndlech gebraucht gëtt, ass d'Sprooch awer Theema vun Universitéitsstudien an Efforte fir se ze standardiséieren.

Gallo ass als Regional- oder Minoritéitesprooch a Frankräich unerkannt an zielt dem Conseil régional no zënter 2004 – nieft dem Franséischen an dem Bretoneschen – als Sprooch vun der Bretagne. Gallo gëtt vun der UNESCO als eng Sprooch klasséiert, déi eeschtlech a Gefor ass[1].

Remove ads

Textbeispill

Méi Informatiounen Lëtzebuergesch ...
Remove ads

Literatur

Um Spaweck

 Commons: Gallo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (fr) Atlas des Langues en danger dans le monde (ISBN 978-92-3-204096-1). unesdoc.unesco.org (2010). Gekuckt den 21.11.2024.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads