Syndicat intercommunal de gestion informatique

interkommunale Syndikat From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Syndicat intercommunal de gestion informatique, kuerz SIGI, ass e Gemengesyndikat zu Lëtzebuerg deen 1982 gegrënnt gouf[1].

Seng Aufgabe sinn d'Informatisatioun vun de Gemengen z'organiséieren a virunzedreiwen a se dobäi ze beroden, e gemeinsamen Datenzenter fir d'Gemengen unzebidden an hinnen dobäi hëllefen, hiren Internet-Site op- an auszebauen. Uganks huet de SIGI gehollef de Softwareprogramm Gescom z'entwéckelen, deen am Laf vum Joer 2020 duerch eng nei Software mam Numm Siginova ugefaange gouf ze ersetzen[2].

Mat Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg sinn all déi aner 99 Gemengen aus dem Land Member am SIGI. Do dernieft awer och nach ronn 60 Gemengesyndikater, 30 Aarmebüroen a knapps 540 Crèchen a Maison relaisen[3].

Zanter dem 13. Juli 2001 ass den Yves Wengler President vum SIGI. Éierepresident war bis zu sengem Doud de François Schaack, den éischte President an dem Yves Wengler säi Virgänger.

Remove ads

De Syndikat gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 31. Mäerz 1982 autoriséiert[1].

Den Arrêté gouf duerno e puermol geännert a verbessert an zwar:

  • de 16. August 1984 (Mémorial B n° 54 vum 15. September 1984, Säit 856)
  • de 17. Juni 1986 (Mémorial B n° 34 vum 15. Juli 1986, Säit 708)
  • den 19. Juli 1991 (Mémorial B n° 37 vum 9. August 1991, Säit 742)
  • den 11. Januar 2005[4].

Lëscht vun de Membergemengen

Grënnungsgemengen

Gemengen déi bäi koumen

Am Laf vun der Zäit koume follgend Gemengen dobäi:

No 1982 a virun 2005[5]

2005 - 2015

Remove ads

Um Spaweck

Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Referenzen an Notten

  1. (lb) Éischte Gemengeservice am SIGINOVA. www.sigi.lu. Gekuckt den 18.08.2020.
  2. (fr) À propos du SIGI. www.sigi.lu Archivéiert den 18.08.2020. Gekuckt den 19.08.2020.
  3. Déi Gemenge fir déi keng aner Referenz uginn ass, sinn no 1982 a virun 2005 Member ginn; se sinn als Membre adhérent an de Statute vun 2005 uginn
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads