Holler
Uertschaft an der Gemeng Wäisswampech From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Holler ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft Holler. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Holler (Homonymie). |
Remove ads
Geographie
Holler läit tëscht den Uertschafte Bënzelt a Breedelt. Vu wäitem stécht déi kleng romanesch-gotesch Kierch aus dem 12. Joerhonnert ervir. Südlech vun Holler, am Agank vun engem enke Wisendall dee vun der Wemperbaach duerchzu gëtt, läit d'Hollermille mat hirem Milleweier.
Geschicht
Holler ass eent vun den eelsten Dierfer aus Lëtzebuerg a gouf fir d'éischt Kéier an engem Dokument aus dem Joer 893 als Hunlar ernimmt. Deemools huet d'Duerf zu der Äifeler Abtei Prüm gehéiert. Et ass unzehuelen, datt schonn deemools a romanescher Zäit zu Holler eng Kierch stoung, déi vun der Abtei gebaut gouf.
Kuckeswäertes
- Réimesch-gotesch Kierch aus dem 12. Joerhonnert, déi als Nationaalt Monument klasséiert ass;
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Holler.
- Restauréiert Bauerenhäiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert.
Bibliographie
- Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Holler S. 25-40).
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Holler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Websäit Gemeng gekuckt 18. September 2009
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
