Guyane
franséischt Departement From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Guyane (och Franséisch-Guyana, franséisch Guyane [gɥiˌjan]) ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich, am Norde vu Südamerika um Atlanteschen Ozean tëscht Brasilien an dem Surinam bei 4° nërdlecher Breet a 53° westlecher Längt.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mam franséischen Departement Guyane a Südamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Guyane (Homonymie). |
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Guayane ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert och domat zur Europäescher Unioun.
Remove ads
Geographie
D'Departement huet eng Fläch vu 86.504 km² an ass domat ongeféier sou grouss wéi Éisträich. Et huet eng 378 Kilometer lang Küst um Atlantik, 730 Kilometer Grenz mat Brasilien[1] a 510 Kilometer mat Surinam.
Den héchste Punkt ass de Mont Bellevue mat 850 m iwwer dem Mier. Am Süde vum Land erstreckt sech eng kleng Mëttelgebiergskette mat maximalen Héichten ëm 800 m, de Massif Tabulaire. Déi wichtegst Flëss si vu Westen no Osten de Maroni, deen d'Grenz mat Surinam mécht, de Sinnamary, den Approuague a den Oyapock, deen op der Grenz mat Brasilien ass.
D'Guayane huet dat gréisst zesummenhängend Bëschgebitt vu Frankräich a vun der Europäescher Unioun. 90 % vum Land si mat tropesche Reebëscher bedeckt. De wäitaus gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft op der Küst, wou déi gréisst Agglomeratioune sinn.
Remove ads
Wichtegst Stied
- Cayenne, 65 493 Awunner (2019), Haaptstad
- Saint-Laurent-du-Maroni, 19.211 Awunner (1999)
- Kourou, 19.107 Awunner (1999)
- Matoury, 18.032 Awunner (1999), gehéiert zur Agglomeratioun Cayenne
- Remire-Montjoly, 15.555 Awunner (1999), gehéiert zur Agglomeratioun Cayenne
Um Spaweck
| Commons: Guyane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Säit iwwer d'Grenze mat Brasilien (franséisch)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

