Hierber
Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Hierber ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.
Remove ads
Geographie
Hierber läit um südëstleche Bord vum Hierberbësch a riets a lénks vun der Huesebaach.
Et ass duerch den CR135, den CR139 an den CR370 un d'Stroossennetz ugebonnen.
Déi déifst Plaz vun Hierber ass op der Lelligerbaach op 269 Meter tëscht de Koppe Frommelsbierg an Hierberbierg, an den héchste Punkt ass um Pafebierg mat 390 Meter.
Geschicht
Wéi och an aneren Uertschaften an där Géigend, op hallwem Wee tëscht Tréier an der Schanz, hunn do, wou haut Hierber ass, schonn zu Réimerzäite Leit gewunnt; ëm 1900 gouf bei Hierber e réimesche Mosaik vun enger Villa ausgegruewen.[2]
Eng éischt Kéier ernimmt gouf d'Uertschaft 1225 als Herburen, 1413 housch se Herburn, a 1537 dann Herborn.
Ëm 1800 stoungen zu Hierber 25 Haiser an eng Kierch. Deemools huet de Jokesbierg nach zu Hierber gehéiert; haut ass en en Deel vun der Gemeng Bech.
Remove ads
Kuckeswäertes
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Hierber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Sauerdall
- Wou der Däiwel ass...? Hierber: Amélie Schroeder, Von „Finn“ und „Hondsaarsch“: Zu Besuch in der Hierber Brennerei wort.lu [€], 10.08.2025, gekuckt den 28.10.2025
Referenzen
- [http://www.rosportmompach.lu/fr/la-commune-se-présente/chiffres-et-statistiques/population "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu.
- Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.396.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
