Gemeng Bech

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Iechternach From Wikipedia, the free encyclopedia

Gemeng Bech
Remove ads

D'Gemeng Bech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bech vun där se och hiren Numm huet.

op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Uertschaften an der Gemeng[1]

Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff oder Lieu-diten:

Geographie

D'Schichtstuf vum Lëtzebuerger Sandsteen verleeft queesch duerch d'Gemeng: D'Uertschafte Kräizenhéicht, Heeschbreg, Kuebebuer an d'Schanz leien um Plateau, iwwerdeems Rippeg, Zëtteg, Hemstel a Bech um Fouss dovu leien. D'Schanz ass, mat 400 m den héchste Punkt an der Géigend. Grolënster, de Blummendall an de Marscherwald leien um westleche Wupp vun der Gemeng.

Duerch d'Gemeng leeft d'Nationalstrooss 11 (E29) vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach.

D'Streck vun der fréierer Vizinalbunn Chareli ass um Fouss vun der Schichtstuf verlaf, an hat tëscht 1904 an 1954 Arrêten zu Rippeg, Hemstel, Zëtteg a Bech. En Tunnel dovun ass haut nach erhalen, a gëtt, wéi d'fréier Eisebunnsstreck, vun der Vëlospist PC2 benotzt. Am fréiere Buffet op der Becher Gare ass haut e Restaurant.

Remove ads

Geschicht

D'Gemeng Bech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regime entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Administratiounseenheeten bestoe bliwwen. Mat engem Gesetz vum 25. Juli 1846 gouf d'Sektioun Marscherwald vu Konsdref ofgespléckt a koum an d'Gemeng Bech.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

Thumb Beschreiwung am Originaltext:
D'argent à la croix ancrée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à l'ancienne de cinq pendants d'argent.

Buergermeeschteren

  • 1826 - 1847: J. Lenertz
  • 1849 - 1859: Fr. Lies
  • 1861 - 1894: P. Lenertz
  • 1897 - 1923: P. Lenertz
  • 1924 - ?: Nic Weyland
  • 1934 - ?: Michel Prommenschenkel
  • 1946 - 1963: Francois Bisenius
  • 1964 - ?: Emil Bohnenberger
  • ? - ?: Robert Lenertz
  • ? - 2005: Marcel Niederweis
  • 2005 - 2008: Marc Pitzen
  • 2009 - 2011: Edmond Schintgen
  • 2011 - 2023: Camille Kohn
  • zanter 2023: Jill Goeres

Kuckeswäertes

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Bech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads