Jacques Anquetil

franséische Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia

Jacques Anquetil
Remove ads

De Jacques Anquetil, (Spëtznumm Maître Jacques), gebuer zu Mont-Saint-Aignan den 8. Januar 1934, a gestuerwen den 18. November 1987, war e franséische Vëloscoureur.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

De Jaques Anquetil war ee vun de beschte franséische Coureuren a souguer ee vun de beschten iwwerhaapt. De Jacques Anquetil ass Papp vun engem Bouf an engem Meedchen.

Remove ads

Biographie

De Jacques Anquetil kritt seng éischt Lizenz als Vëlossportler den 2. Dezember 1950 als Amateur beim A.C. Sotteville. Hien hat fir Dréier an Ajusteur geléiert wou hien och seng Meeschterprüfunge gemaach hat, huet awer haaptsächlech sengem Papp gehollef, dee Gäertner war an eng Äerdbiersziichterei hat.

Als Amateur hat hie 16 Victoiren op sengem Kont, dovu seng éischt um Prix Maurice Latour den 3. Mee 1951 zu Rouen. Am Joer 1952 gewënnt hien de Prix de France, den Tour de la Manche an d'franséisch Landesmeeschterschaften op der Strooss.

Duerno ass den Anquetil Profi vun 1953 bis 1969 a gewënnt 184 Courssen.

Nodeem de Maître Jacques de Vëlo un den Nol gehaangen hat gouf hie Correspondent vun der Zeitung L'Équipe a Beroder op Europe1. Hie war och nach Directeur de Course bei Paris-Nice an am Tour Méditerranéen, an e war Member vum Comité vun der FFC. En huet och Reportage fir d'Televisioun gemaach mä seng Haaptbeschäftegung war fir op sengem Bauerebetrib, dem « Domaine des Elfes » (200 ha) bei La Neuville-Chant-d'Oise, Gentleman-Farmer ze spillen.

Medailen an Unerkennungen

Ekippen

  • 1953 - 1955: « La Perle » ; Sportsdirekter war de Francis Pelissier
  • 1956 - 1958: « Helyett »
  • 1959 - 1960: « ACBB Leroux »
  • 1961 - 1964: « Saint-Raphaël »
  • 1965 - 1966: « Ford-Gitane », mat dëser Ekipp gewënnt hien 1965 d'Coupe du Monde Intermarques.
  • 1967 - 1969: Bic.

Säin éischten Trainer war den André Boucher, bei deen en och nach spéider ëmmer gutt Rotschléi froe goung, besonnesch fir Coursse géint d'Zäit.

Palmarès

Thumb
Stèle als Erënnerung un de Jacques Anquetil op der Kräizung vun der RD36 an der RD938 zu Châteaufort,op der Kopp vun der Côte de la Trinité

Resultater um Tour de France

  • Tour de France 1957: 1. am Generalklassement a Gewënner vu 4 Etappen.
  • Tour de France 1958: Opginn an der 23. Etapp
  • Tour de France 1959: 3. am Generalklassement
  • Tour de France 1961: 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • Tour de France 1962: 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • Tour de France 1963: 1. am Generalklassement a Gewënner vu véier Etappen
  • Tour de France 1964: 1. am Generalklassement a Gewënner vu véier Etappen
  • Tour de France 1966: Opginn an der 19. Etapp

Resultater um Giro

  • 1959: 2. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • 1960: 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • 1961: 2. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
  • 1964: 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
  • 1966: 3. am Generalklassement
  • 1967: 3. am Generalklassement

Resultater an der Vuelta

  • 1962: Opginn
  • 1963: 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp

1953

1954

1955

1956

1957

1958

1959

1960

1961

1962

1963

1964

1965

1966

1967

1969

Remove ads

Erënnerungen

Op der Kräizung vun den Departementsstroossen RD36 an RD938, op der Kopp vun der Côte de la Trinité bei Châteaufort, war am Mäerz 1989, nom Doud vum Coureur eng bronze Sculptur déi de Jacques Anquetil um Vëlo duergetallt huet, opgeriicht ginn. Déi gouf awer séier geklaut a gouf spéider duerch eng Sail ersat wou d'Erënnerungsplack déi Rescht blouf drop festgemaach ass.

D'Monument steet um fréiere Parcours vum Grand Prix des Nations, deen de Jacques Anquetil néngmol gewonnen hat.

Um Rond-point Jacques Anquetil zu Épinay-sous-Sénart an der Essonne erënnert eng styliséiert bronze Skulptur vum Alex Garcia un de grousse Coureur. 48° 41’ 50.61’’ N 02° 31’ 09.82’’ O

Remove ads

Zitater

« Il faut être un imbécile ou un faux-jeton pour s'imaginer qu'un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. »

- - L'Équipe, 1967.

Um Spaweck

 Commons: Jacques Anquetil – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads