Jacques Stas
lëtzebuergesche Geeschtlechen a Grënner vum éischte Weesenhaus an der Stad From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jacques Stas (oder Jacobus Stas[1]) gedeeft den 30. November 1675 an der Méchelskierch an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen an der Stad den 22. Abrëll 1740, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Grënner vum éischte Weesenhaus an der Stad.
Dem Jacques säi Papp, Jean Stas († ëm 1864), war e Wiewer am Pafendall a Koschter an der Méchelskierch. D'Eltere si mat den dräi Kanner an d'Waassergaass geplënnert.
De Jacques gouf Paschtouer an der Nikloskierch an huet sech scho mat Zäit em d'Weesekanner gekëmmert, sou wéi seng finanziell Lag et him erlaabt huet.
Am Joer 1727 gouf hie bestëmmt fir engem gewësse Johann Moritz Schienbein säin Testament ze vollstrecken. Deen hat him säin Haus an der Waassergaass inklusiv der Miwwele vermaacht, mat der Oplo, et als Weesenhaus anzeriichten. Fir deen Zweck huet de Stas nach en Haus am grënnesche Biisserwee kaaft[2], wou d'Weesejongen ënnerdaach koumen. Fir d'Haus ze verwalten, huet hie sech un de Magistrat (Gemengerot vun deemools) adresséiert; wéinst administrative Reiwereien a Rivalitéiten tëscht dem Provënzialrot an dem Magistrat huet et awer bis 1755 gedauert, bis d'Keeserin Maria Theresia d'Lettre patente fir d'Schafe vun engem Weesenhaus zu Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet.
De Stas wollt net esou laang waarden an hat scho 1727 – ouni offiziell Autorisatioun, awer mam stëllem Averständnis vum Magistrat, säi Weesenhaus opgemaach[3], sou wéi et och um Chronogramm iwwer der Aganksdier stoung:
aDsIt pVpILLIs CIVItatIs aDIVtor DeVs.
Op Däitsch iwwersat heescht et ongeféier: „Möge Gott der Helfer der Stadt sein“. D'Joreszuel déi sech aus dem Chronogramm ergëtt ass: 1727[4]

Remove ads
Éierung
Fir un de Jacques Stas z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 4. Januar 1960 decidéiert, zu Gaasperech eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Jacques Stas leeft vum Millewee a südëstlecher Richtung bis hannert de Foussballsterrain vum FC Tricolore Gaasperech[5].
Literatur
- André Redling, François Schwab. „Jacques Stas. Gründer des ersten Waisenhauses in der Stadt Luxemburg“.In Luxemburger Marienkalender Jg. 98(1979), p. 145-146, ill 1979/145
Um Spaweck
- Fondation de lʼhospice des Orphelins. Les premiers bienfaiteurs, Ons Hémecht, 11. Jg., nº 5 (01.05.1905), S. 223
- Notice historique sur l’hospice des Orphelins à Luxembourg. (Suite.). Ons Hémecht, 11. Jg., nº 8 Heft (01.08.1905), S. 351.
- Notice historique sur l’hospice des Orphelins à Luxembourg. (Suite.) CHAPITRE III. Les maisons et la chapelle des orphelins au Grund. Ons Hémecht, 11. Jg., nº 10 Heft (01.10.1905), S. 455.
Referenzen an Notten
- Jacobus Stas. www.familysearch.org. Gekuckt den 13.10.2024.
- dat ursprénglecht Haus ass mëttlerweil ofgerappt a gouf mat deem Gebai ersat, an deem méi spéit d'Primärschoul dra war
- (fr) LE MAGISTRAT DE LA VILLE DE LUXEMBOURG ET LA SUPPRESSION DE LA COMPAGNIE DE JÉSUS. In: Hémecht, 18. Jg., nº Heft 4, S. 456. (01.10.1966). Gekuckt den 13.10.2024.
- Chronogram Calculator. tyler-yates.github.io. Gekuckt den 13.10.2024.
- (fr) Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt den 13.10.2024.
- Quell, wou net anescht uginn: Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad 77/2004, S. 35
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
