Jalta
Stad op der Krim From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Jalta (Ukrainesch a Russesch Ялта) ass eng Kuer- an Vakanzenuertschaft op der Südküst vun der Hallefinsel Krim um Schwaarze Mier an der Ukrain an huet 72.013 Awunner (Stand 1. Januar 2025)[1],[2].
| Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


Jalta gouf warscheinlech vun den ale Griiche gegrënnt; den Numm kënnt aus dem Griicheschen a bedeit einfach nëmmen Uwänner (op Däitsch Ufer). International bekannt gouf Jalta duerch d'Konferenz vu Jalta, op där 1945 iwwer d'Schicksal vun Däitschland, dat de Krich verluer hat, entscheet gouf. Doru bedeelegt waren déi alliéiert Regierungscheffe Winston Churchill, Stalin a Franklin D. Roosevelt. D'Welt gouf do nei opgedeelt.
Vu Jalta aus féiert déi längst Trolleybuslinn vun der Welt iwwer Aluschta op Simferopol bannen an d'Land.
Haut ass Jalta eng, besonnesch bei de Russen, beléift Touristestad an dofir déi modernst a räichst Stad vun der Krim. Jalta ass net un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Mat Busse kënnt een op Simferopol a Sewastopol. Beléift Verkéiersmëttel sinn och d'Marschrutki, eng Zort Sammeltaxien.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Jalta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- Численность постоянного населения Российской Федерации по муниципальным образованиям на 1 января 2025 года.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads