Kierchen
Uertschaft an der Gemeng Ëlwen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Kierchen (lokal: Kirchen[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Ëlwen.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bis den 28. Dezember 1908 war Kierchen den Haaptuert vun der Gemeng Kierchen, déi dunn zur Gemeng Ëlwen ëmbenannt gouf.
Remove ads
Verkéier
Kierchen ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR337.
Bis den 22. Mee 1998 hat d'Uertschaft en Uschloss un d'Eisebunnsnetz iwwer d'Gare vu Bellain.
Kuckeswäertes
D'Méchelskierch vu Kierchen, mam Kierfecht an der Plaz niewendrun, déi zanter 1991 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert ass.
De Kierfecht vu Kierchen, op deem dräi brittesch Zaldote begruewe leien, zielt zu de Commonwealth-Griewer.
D'Lourdes-Grott bei der Kierchermillen, déi 1949 ageseent gouf[3].
Biller
- Vue op Kierchen
- D'Lourdes-Grott
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Kierchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vun der Gemeng Ëlwen
- Fotoe vu Kierchen
- Loi du 28 décembre 1908, transférant le chef-lieu de la commune de Basbellain à Troisvierges
Referenzen
- Websäit vun der Gemeng Ëlwen, gekuckt 18.09.2009
- Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
- (de) Einsegnung einer Lourdes-Grotte in Niederbesslingen. Luxemburger Wort, Digitised by the National Library of Luxembourg (20.08.1949). Gekuckt de 25.10.2020.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
