Lëscht vun de Schachgroussmeeschteren

Wikimedia-Lëschtenartikel From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Lëscht vun de Schachgroussmeeschteren enthält all Schachspiller, déi den Titel vum Groussmeeschter (GM) droen. Dësen ass nieft dem Weltmeeschtertitel den héchsten Titel am Schach a gëtt vun der FIDE no bestëmmte Krittären op Liewenszäit verginn. Dréier an Dréierinne vum Éieregroussmeeschtertitel a vum Fraegroussmeeschtertitel ginn an dëser Lëscht net berécksichtegt.

Dës Lëscht ass um Stand vum 24. Mee 2010. Zu dësem Zäitpunkt gouf et 1380 Groussmeeschteren, dorënner 22 Fraen. 104 vun dëse Groussmeeschtere si scho gestuerwen.

1950 krute 27 Spiller, déi vun der FIDE erausgesicht goufen, als Éischt den Titel, vun deenen den Andor Lilienthal an de Wassili Smyslow haut nach liewen. D'Grenz vun 100 Groussmeeschtere gouf 1967, also 17 Joer no der Aféierung vum Titel, erreecht; bis zum 200. Titeldréier huet et just 12 Joer gedauert, also bis 1979. 2004 gouf d'Zuel vun 1000 Groussmeeschteren erreecht; bis zum 1100. am Joer 2006 si just 2 Joer vergaang. Am Allgemenge léisst sech also eng inflationär Entwécklung vun der Zuel vun Titeldréier erkennen, där hir Ursaachen allerdéngs net kloer sinn.[1]. Eleng am Joer 2009 goufe 67 nei Groussmeeschteren ernannt. 1969 ass dat eenzegt Joer an deem keen eenzege Groussmeeschter ernannt gouf.

D'Nona Gaprindaschwili war 1978 déi éischt Fra déi den allgemenge Groussmeeschtertitel kritt huet. Deen zum Zäitpunkt vum Titelerwerb jéngste Groussmeeschter ass de Sergei Karjakin, dee seng lescht erfuerderlech Titelnorm mat 12 Joer a 7 Méint erreecht huet. Mat 198 Spiller sinn déi meescht Groussmeeschtere fir de russesche Verband aktiv.

  • Numm: Nennt den Numm vum Groussmeeschter, wéi en an däitscher Transkriptioun geschriwwe gëtt.
  • Gebuer: Nennt de Gebuertsdatum vum Groussmeeschter; bei Spiller, bei där hirer Gebuert nach de julianesche Kalenner benotzt gouf, gëtt trotzdeem de gregorianeschen Datum benotzt.
  • Gestuerwen: Nennt den Doudesdatum vum Groussmeeschter.
  • Joer: Nennt d'Joer, an deem de Spiller de Groussmeeschtertitel krut.
  • Land: Nennt d'Land, fir deem säi Verband de Groussmeeschter spillberechtegt ass. Bei gestuerwene Groussmeeschtere gëtt dat Land ugewisen, fir dat de Groussmeeschter spillberechtegt war, wou hien den Titel kritt huet.
  • m/w: Gëtt d'Geschlecht vum Groussmeeschter un.

Bemierkung: D'Lëscht ass zortéierbar: Duerch d'Uklicke vun engem Kolonnekapp gëtt d'Lëscht no där Kolonn zortéiert, zweemol Uklicken dréint d'Zortéierung ëm. Duerch d'Uklicke vun zwou Kolonnen hannerenee kann ee jiddwer gewënscht Kombinatioun kréien.

Remove ads

Groussmeeschtere vun der FIDE

Méi Informatiounen Numm, Gebuer ...
Remove ads

Quellen

Vollstänneg Lëscht, déi awer net um aktuelle Stand ass
Titelen, déi viru Kuerzem vergi goufen

Um Spaweck

 Commons: Schachgroussmeeschteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads