Messier 59

Galaxie From Wikipedia, the free encyclopedia

Messier 59
Remove ads

De Messier 59 (aner Bezeechnung NGC 4621) ass eng 9,7 mag hell elliptesch Galaxie mat enger Flächegréisst vu 5,4' × 3,7' am Stärebild Virgo.

Méi Informatiounen Date vum Messier 59 ...

M59 ass eng vun de gréisseren elliptesche Galaxien vum Virgo-Galaxiëkoup, awer däitlech méi kleng wéi d'Giganten M49, M60 a M87. D'Kugelstärekoupsystem faasst knapps 2.000 Kugelstärekéip, also ongeféier dat zéngfacht vun der Zuel an eisem Mëllechstroossesystem, awer nëmmen e gutt Zéngtel vun der Zuel am System vun M87. D'Galaxie ass an der Hubble-Sequenz den Typ E5, d. h. d'Galaxie ass zimmlech staark ofgeflaacht.

De Messier 59 gouf den 11. Abrëll 1779 vum däitschen Astronom Johann Gottfried Köhler entdeckt.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Messier 59 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads