Nationalstrooss 19

lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech From Wikipedia, the free encyclopedia

Nationalstrooss 19
Remove ads

D'Nationalstrooss 19 oder N19 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech. Si féiert vun der Bleesbréck op Reisduerf.

op ee Bléck Sauerstrooss, Land ...
Laf an Uschlëss
Bleesbréck N 17 (PR 0,00)
Bettenduerf CR 357 (r)
      = Rue du Pont
Méischtref CR 357C (r)
      = Rue de la Gare
Heckebaach
Reisduerf
N 10 (l)

      = Cité Jean Hientgen (PR 8,67)

Thumb
Kilometersteen op der N19

Si huet hiren Ufank beim SIDEN am Rond-Point op der Bleesbréck, wou se vun der N17 fort geet. Si leeft laanscht d'Sauer duerch Bettenduerf a Méischtref bis op Reisduerf, wou se op der Kräizung mat der N10 zu Enn geet.

D'N19 huet eng Gesamtlängt vun ongeféier 8,67 km[1].

Remove ads

Entwécklung vun der N19

Wéi se no 1843 entstanen ass, gouf d'N19 uganks als „Strooss vun Iechternach op Waasserbëlleg“ bezeechent. Se gouf etappeweis tëscht 1851 an 1858 gebaut:

  1. Arrêté royal grand-ducal (ARGD) vum 7. Juli 1851: Méischtref - Waasserbëlleg[2]
  2. ARGD vum 6. Juni 1854: Iechternach - Méischtref[3]
  3. ARGD vum 22. September 1855: Streck vun der Aesbaach a Richtung Grondhaff[4]
  4. ARGD vum 11. Juli 1856: vum Theis-Wier bis op de Grondhaff[5]
  5. ARGD vum 17. Oktober 1857: Streck tëscht den Deeler 3 a 4 hei virdrun[6].

Den 9. Abrëll 1858 ass d'Strooss vun Iechternach op Waasserbëlleg als Staatsstrooss deklaréiert ginn[7]; se besteet aus Deeler vu follgende Stroossen:

  • Vizinalstroossen 56 vun Iechternach op Waasserbëlleg;
  • Vizinalstroossen 118 vun Dikrech op Iechternach;
  • Vizinalstroossen 119 vun Dikrech op d'Wallenduerfer Bréck.

Tëscht 1872 an 1874 ass d'Strooss op den Deeler tëscht dem Grondhaff an Dikrech[8] an tëscht der Bollenduerfer Bréck an der Aesbaach[9] méi breet gemaach ginn an am Joer 1875 gouf d'Wallenduerfer Bréck gebaut

1875/76 ass déi éischt Sauerbréck zu Wallendorf gebaut ginn, déi zënterhier op där Plaz Lëtzebuerg mat Däitschland verbënnt[10].

Virun 1958 hat d'N19 de Spëtznumm „Sauerstrooss“ well se laanscht dee Floss bis op d'Musel gelaf ass.

Enn vun de 1940er Joren ass déi nei Traversée duerch Bettenduerf opgaangen, déi al Strooss gouf vun do u bis 1958 als N19A bezeechent.

Am Laf vun der Zäit ass d'N19 zweemol gekierzt ginn: fir d'éischt 1958, wéi den Deel tëscht der Wallenduerfer Bréck a Waasserbëlleg bei d'N10 geprafft gouf an eng zweet Kéier wéi d'Duerchfaart duerch Reisduerf 1995 och an d'N10 integréiert gouf, fir esou um nërdlechen Deel vun der N10 eng duerchgängeg Streck bis op Veianen ze kréien.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Nationalstrooss 19 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Gemooss op Geoportail de 7. Oktober 2024
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads