Ophiuchus
Stärebild From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Schlaangendréier (Latäin: Ophiuchus) ass e Stärebild um Himmelsequator.
Remove ads
Beschreiwung
De Schlaangendréier ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild um Summerhimmel. Well seng Stäre wäit ausernee gezunn a wéineg markant sinn, ass et net ganz einfach, dat Stärebild tëscht dem Hercules an dem Scorpius ze fannen.
Duerch de westlechen Deel zitt d'Band vun der Mëllechstrooss.
Och wann d'Ekliptik duerch de Schlaangendréier verleeft an d'Sonn sech do méi laang ophält (vum 30. November bis den 18. Dezember) wéi am Nopeschstärebild Skorpioun, gehéiert et net zu den Déierekreeszeechen. D'Stärebild vum Skorpioun war an der Antiquitéit méi grouss, deemools hunn och seng "Schéieren" dozou gehéiert.
Remove ads
Geschicht
De Schlaangendréier (Ophiuchus) gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Am Ophiuchus liicht déi hell Supernova 1604.
Stären
Den β Ophiuchi ass 84 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange an ass e Stär vun der Spektralklass K2 III. Den Numm Cebalrai ass arabesch a bedeit „Schéiferhond“.
Den δ Ophiuchi ass ee roudelzege Stär mat der Spektralklass M1 III op enger Distanz vun 170 Liichtjoer.
Den Numm Yed Prior ass aus dem arabeschen an dem Latäin zesummegesat a bedeit „viischt Hand“.
De giele Stär ε Ophiuchi ass 108 Liichtjoer ewech.
Säin Numm Yed Posterior bedeit „hënnescht Hand“.
De Feilstär vum Barnard ass dee Stär mat der gréisster Eegebeweegung. Pro Joer leet hien eng Distanz vun 10 Bousekonnen zeréck. An honnert Joer sinn dat ongeféier 15 Bouminutten, dat ass een hallwe Vollmoundduerchmiesser um Himmel. De Barnard-Stär ass nëmme 5,9 Liichtjoer vun eis ewech an no dem Alpha Centauri-System den noosten Noper vun der Sonn. Hie beweegt sech weider op eist Sonnesystem zou a wäert a ronn 10.000 Joer op enger Distanz vu véier Liichtjoer laanscht zéien. De Barnard-Stär ass ee liichtschwaache rouden Zwergstär. Seng Liichtkraaft huet nëmmen 1/2500 vun där vun eiser Sonn.
Duebelstären
Den α Ophiuchi ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 47 Liichtjoer. De Haaptstär ass ee wäissbloe Stär mat der Spektralklass A5 III mat der 26facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Säi Begleeder huet huet déi 7. Gréissteklass, an ëmkreest den Haaptstär an 8,7 Joer.
Den arabeschen Numm Ras Alhague leet sech of vu Kapp vum Schlaangebeschwörer.
D'System ηOphiuchi ass 84 Liichtjoer ewech. Zwéi wäiss Stären ëmkreese sech an engem kuerzen Ofstand. Den arabeschen Numm Sabik bedeit „deen, dee virdru geet“.
Verännerlech Stären
Den χOphiuchi ass een onreegelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vu 489 Liichtjoer.
Den RS Ophiuchi ass e Verännerleche vum Typ „zeréckkommend Nova“. Dee rouden Zwergstär ass 12,5m hell. An onreegelméissegen Ofstänn vu ronn 20 bis 30 Joer weist hien dramatesch Hellegkeetsausbréch, sou wéi an de Joren 1898, 1933, 1958, 1967, 1985, an 2006.
Messier- an NGC-Objeten
Am Schlaangendréier gëtt et eng Rei vu Kugelstärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog, dem Messier-Katalog, opgestallt huet.
Den M 10 läit op enger Distanz vu 15.000 Liichtjoer.
Den M 12 an den M 107 leien op enger Distanz vun 20.000 Liichtjoer.
Den M 9 an den M 14 sinn op enger Distanz vu 25.000 a 40.000 Liichtjoer.
Den IC 4665 ass een oppene Stärekoup op enger Distanz vun 1.200 Liichtjoer.
Den oppene Stärekoup Mel 186 ass mat enger totaler Hellegkeet vun 3,0 mag scho mat bloussem A ze fannen. Beim deem Stärekoup handelt et sech ëm dat net unerkannte Stärebild Kinnekleche Stéier vu Poniatowski.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Ophiuchus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads


