Plumelec

franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Morbihan From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Plumelec ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Morbihan, an der Bretagne.

Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Remove ads

Geschicht

Am Zweete Weltkrich war eng Trupp Männer vum SAS, ënner dem Kommando vum Läitnant Pierre Marienne, déi d'Operatioun Dingson sollte virbereeden, iertemlecherweis bei Plumelec parachutéiert ginn. Si sinn eng ronn 800 Meter vun der Mille mam Numm Moulin de la Grée gelant, wou en däitschen Observatiounsposte war. An der Schéisserei déi entstanen ass gouf de Kaperol Émile Bouétard erschoss. Hie war den éischten Doudege vun der Operatioun Overlord.

Remove ads

Kuckeswäertes

  • D'Schlass vu Callac aus dem 15. Joerhonnert
  • De Manoir de la Saudraie
  • De Manoir de Kerangat
  • De Manoir de Cadoudal
  • D'Monument vu Kerihuel dat un de Massaker vum 12. Juli 1944 erënnert.

Plumelec am Sport

An de Joren 1982, 1985, 1997 an 2008 war zu Plumelec eng Etappenarrivée vum Tour de France.

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads