Reckendall

Lieu-dit a Strooss an der Gemeng Stroossen an an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Reckendall
Remove ads

De Reckendall ass e Lieu-dit an eng Strooss an der Gemeng Stroossen an am Quartier Rollengergronn vun der Stad Lëtzebuerg. En ass en Deel vum CR230 a verbënnt d'Rue de Rollingergrund (N12) mat der Areler Strooss (N6) zu Stroossen.

op ee Bléck Numm, Bemierkung ...

Am ënneschten (ëstlechen) Deel leien d'Haiser op der gerueder Stroossesäit (Hausnummeren 12 - 132) um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg, all déi aner Haiser - an domat de gréissten Deel vum Reckendall - gehéieren zu der Gemeng Stroossen.

Remove ads

Urspronk vum Numm

Laang Zäit gouf geduecht, den Numm Reckendall hätt keng richteg Bedeitung. Mat engem Bléck op de Urkadasterplang (ëm 1820), schéngt een dem Urspronk vum Numm awer méi no ze kommen. Grafesch ass um Plang zwar weeder e Feld oder e Flouer mat sou engem Numm, ma am ieweschten Deel, beim Rackenberg, steet niewent engem Pad a Richtung Stroossen eng Notiz derbäi: (fr) « maisons isolées appelées Reckenthal ». An der Fachliteratur geet e vun der selwechter Bedeitung fir Racken aus wéi fir Recken. Béid Nimm deiten op Begrëffer hi wéi Grenzen, Reien, Häng, Terrassen um Bord vun Akere bei engem Hank, asw. Änlech Erklärunge fënnt een och am Luxemburger Wörterbuch[1].

Wëssenschaftlech wäit gefächert Sproochetüden deiten drop hin, datt et sech ëm en aalt Nome vun der europäescher Toponymie handelt. De Rackebierg ass deemno e „Feld-Bierg” um Bord vum Bambësch; op sengen Terrasse fänkt de Reckendall un[2].

Remove ads

Biller

Um Spaweck

 Commons: Reckendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Riech, Reech, Rääch: Abhang, Böschung, (Feld-) Rain
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads