Supermarché

From Wikipedia, the free encyclopedia

Supermarché
Remove ads

E Supermarché ass en Eenzelhandels-Etablissement, an deem virun allem Liewensmëttel an Artikele fir den deegleche Gebrauch am Self-service verkaaft ginn. Zu Lëtzebuerg (wéi och a Frankräich, der Belsch, Italien, Spuenien an Dänemark) ass d'Fläch vun engem Supermarché tëscht 400 a 4000 m² definéiert. Drënner schwätzt ee vun enger Superette, driwwer vun engem Hypermarché.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Regaler an engem Supermarché zu Portland, Oregon, USA.
Thumb
Eng Caissière a Clienten an engem Supermarché a Brasilien.

D'Konzept vum Supermarché kënnt aus den USA. An Europa huet als éischte Supermarché de Migros zu Basel 1948 seng Dieren opgemaach. An Däitschland war dat ee Joer drop een zu Osnabrück (deen awer kee Succès hat a geschwënn nees zougemaach huet), an der Belsch 1957 en Delhaize op der Place Flagey zu Ixelles (Bréissel), an a Frankräich 1958 den Express Marché zu Rueil-Malmaison. Deen éischte Supermarché zu Lëtzebuerg war 1967 de Cactus zu Bäreldeng.

Déi meescht Supermarchéë sinn Deel vun enger Chaîne, déi méi där Supermarchéen ënner der selwechter Enseigne besëtzt oder steiert (z. B. am Kader vun engem Franchising-Kontrakt) oder vun engem Gruppement.

Grouss Supermarchéen hu bis zu 40.000 verschiddene Produkter, bei Discounter sinn dat der gewéinlech eng 1.000.

D'Produkter sinn no raffinéierte Systemer am Geschäft wéi och an den eenzele Regaler placéiert, fir e méiglechst héijen Ëmsaz z'erreechen.

Remove ads

Zu Lëtzebuerg

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Supermarchéschaînen zu Lëtzebuerg.

Thumb
De Cactus, hei zu Esch-Lalleng, ass déi gréisst Supermarchésketten zu Lëtzebuerg...
Thumb
...virum Delhaize (hei um Hamilius an der Stad Lëtzebuerg...
Thumb
...an dem E.Leclerc (hei zu Gaasperech).
Thumb
Den Aldi (hei zu Huldang) ass de gréissten Discounter am Land.

Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Supermarchéë vun iwwer 400 m2 vun 42 am Joer 1996 op 106 am Joer 2016 eropgaangen.[1]

Méi Informatiounen Enseigne ...
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Supermarchéen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Plus de 100 supermarchés au Luxembourg." wort.lu, 21. Oktober 2016, 06:02.
  2. An der Tabell stinn net all déi onofhängeg Epicerien a Supermarchéen, déi net zu engem méi grousse Grupp zielen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads